Freshdax
Genre: Hip-Hop
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Grënnung: 2012
Websäit: Facebook, SoundCloud
Memberen
MC, Rapper: Julien Primout
Produzent, DJ: Jacques Rasic ("StA")

Freshdax ass e Musekduo, deen Hip-Hop op Lëtzebuergesch mécht.

BandgeschichtÄnneren

Den Duo gouf 2012 gegrënnt mam Julien Primout, dem Sänger vun der Metalband Everwaiting Serenade, als Rapper an dem Jacques Rasic (och nach als StA bekannt) als Produzent. Am Januar 2014 hu si d'Single D'Spillplaz erausbruecht, déi op d'Plaz 50 am Eldoradio Chartbreaker ageklommen ass[1]. Och e Videoclip dofir gouf gedréint.

Hiren Album Ziel mir net däi Liewen ass um Museklabel Noiseworks Records erauskomm. Op der Releaseparty den 18. Januar 2014 am Exit07 gouf Freshdax ënner anerem vu Synthesis ënnerstëtzt.

Zwee Joer drop gouf dunn den zweeten Album Alles beim Alen, Alen verëffentlecht, bei deem nach ëmmer Sozialkritik mat ironeschen Téin ausgeüübt gëtt[2].

DiscographieÄnneren

AlbumenÄnneren

  • 2014: Ziel mir net däi Liewen
  • 2016: Alles beim Alen, Alen

SinglenÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. Message op Facebook de 14. Januar 2014 um 02:42
  2. Le Quotidien: Freshdax, le duo hip-hop qui tire sur les Luxembourgeois (21. Januar 2016)