Jochen Herling

Fotograf an Auteur

De Jochen Herling, gebuer de 14. Abrëll 1943 zu Braunschweig[1], a gestuerwen de 27. Dezember 2021[2] war e Beruffsfotograf, Auteur a passionéierte Sammler vu Konschtwierker.

Jochen Herling
Gebuer 14. Abrëll 1943
Braunschweig
Gestuerwen 27. Dezember 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf
Logo vun der Photo-Galerie 52.

Säi Studium huet hien un der Fachhéichschoul zu Braunschweig 1962 ofgeschloss. 1963 huet et hien op Lëtzebuerg gefouert, wou hien eng Ustellung als Fotoreporter bei der Lëtzebuerger Illustréiert Revue krut, wou hie bis 1980 geschafft huet.

Vun 1963 bis 1981 huet hien déi Groussherzoglech Koppel, d'Groussherzogin Joséphine-Charlotte an de Groussherzog Jean, op verschiddene Staatsvisitte begleet, ë. a. a Russland, Tunesien, Groussbritannien, Senegal, China, Japan, Korea, Éisträich, an op d'Olympesch Spiller zu München an zu Montreal. 1979 war hie Matgrënner vun de Friends of Edward Steichen.

1980 huet hien déi Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun ugeholl.

1981 huet hie sech als Beruffsfotograf selbstänneg gemaach an huet zesumme mat senger Fra, d'Photo-Galerie 52 an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt, déi si 4 Joer laang gefouert hunn. Ë. a. konnt hien do Originalfotoe vu sengem Virbild, dem Edward Steichen, ausstellen. Vun 1982 bis 2001 war hie Fotoreporter bei der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land. Déi selwecht Period war hien och offizielle Fotograf vun der Groussherzoglecher Famill an och vum Service Information et Presse vum Staatsministère.

2016 huet hie seng ronn 300.000 Negativer der Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg vermaach.

De Jochen Herling war bestuet an hat 3 Kanner.

Publikatiounen änneren

  • 2002: Art & Vélo: Jochen Herling, Godbrange: Ed. M/H, (Luxembourg: Impr. Centrale). - 173 p.: ill. ; 29 cm

Ausstellungen änneren

  • 1973: „Mir Kanner"; Cercle Municipal, Luxembourg.
  • 1980: „Vues d'Ardennes", Maison Communale, Winseler.
  • 1981: „Sillos“, Thomas Mann Bibliothek
  • 1981 an 1982: „Eis Musel", Musée a Possen, Bechkleinmacher.
  • 1982: „Polaroidcollection“, Photo-Galerie 52, Luxembourg.
  • 1986: „Liewen an Esch“, Foire Internationale, Luxembourg.
  • 1986: „Den Escher op d'Bett gekuckt“, Galerie d'Art Municipale, Esch/Alzette.
  • 1992: „Bleibilder“, Théatre des Capucins
  • 2002: „Expo Art et Vélo“, organisateur, Galerie Fred Becker, Luxembourg.
  • 2018: "Trésors de la Photothèque - Jochen Herling", Ratskeller, Stad Lëtzebuerg.[3]

Buchpublikatioune mat Fotoe vum Jochen Herling änneren

  • Josiane Kartheiser, 1978: Flirt mit Fesseln.
  • Josiane Kartheiser, 1980: Wenn Schreie in mir wachsen.
  • Evy Friedrich, 1980: Die Gemeinde Winseler
  • Théo Peffer, 1982: Meine Zimmerpflanzen, Edition Guy Binsfeld.
  • Jos Sünnen, 1982: Ein Moselmaler, Publications Mosellanes.
  • Fons Theis, 1983: Das ist Luxemburg.
  • Norbert Weins, 1983: Luxemburg- seine sagenumworbenen Holzriesen.
  • Théo Peffer, 1983: Gartenpflanzen, Edition Guy Binsfeld.
  • Tun Nosbusch: 1983: Kachen a Brachen, Edition Guy Binsfeld.
  • Théo Peffer, 1984: Mein Blumengarten, Edition Guy Binsfeld.
  • Théo Peffer, 1985: Mein Ziergarten, Edition Guy Binsfeld.

Konschtbicher: Illustratioune vun de Konschtwierker änneren

  • 1982-2002: Ausstellungskataloge vum C.A.L (Cercle artistique de Luxembourg)
  • 1982 - 2013: Roger Bertemes, Robert Brandy, Jeannot Bewing, Jean Marie Biwer, Henri Dillenburg, Marc Eichhorn, Francois Gillen, Eliane Goedert-Stoltz, Ben Heyart, Jim Junius, Emile Kirscht, Henri Kraus, Jean-Pierre Lamboray, Ger Maas, Gast Michels, Guy Michels, Pit Nicolas, Paul Roettgers, Charly Reinertz, Francois Schortgen, Maggie Stein / Jim George, Chu Ten Chun, Emile Van der Vekene, Lucien Wercollier, Raymond Weiland.
  • 1986: Janula, Galerie Simonchini.
  • 1986: Son histoire, ses collections, ses services, Bibliothèque Nationale de Luxembourg.
  • 2018: Trésors de la Photothèque - Jochen Herling, Photothèque de la Ville de Luxembourg, Luxembourg. ISBN 978-2-9599812-7-2

Um Spaweck änneren

Commons: Jochen Herling – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Mémorial A N° 13 vum 18. Mäerz 1980, S. 188 Gearchiveerd op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2009-12-11.
  2. "Nachruf: Fotograf Jochen Herling ist tot." wort.lu [€], 8. Januar 2022.
  3. Andonovic, V., 2018. Die bunte Vielfalt des Schwarz-Weiß. Jochen Herlings Fotografien erzählen die Geschichte(n) Luxemburgs und seiner Menschen. Luxemburger Wort vum 25./26. August 2018, S. 20.