Kachen
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kachen am allgemenge Sënn. Fir d'Zäitschrëft mat deem Numm, kuckt wgl. Kachen (Zäitschrëft). |
Kachen ass en allgemenge Begrëff fir de Prozess vun der Preparatioun vum Iessen fir et ze konsuméieren, bei deem een Hëtzt gebraucht. D'Kachtechniken an d'Bestanddeeler variéiere vu Regioun zu Regioun a spigelen dacks d'ecologesch, sozial, wirtschaftlech a kulturell Ëmgéigend erëm. Eng vun de geleefegsten Hëtztquellen op der Welt ass d'Feier. D'elektresch Energie gëtt awer ëmmer méi benotzt.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/9/98/Bakken.jpg/220px-Bakken.jpg)
De Mënsch ass dat eenzegt Liewewiesen op der Welt, dat säin Iesse kacht, a Wëssenschaftler sinn der Meenung, d'Opkomme vum Kachen hätt eng wichteg Roll an der Evolutioun vum Mënsch gespillt.[1]
Streng geholl gëtt nëmme vu Kache geschwat wann Iesse mat engem héije Flëssegkeetsgehalt oder a Waasser oder engem Bouillon preparéiert gëtt.
Um Spaweck
ännerenCommons: Kachen – Biller, Videoen oder Audiodateien |