Paul Bocuse

franséische Kach, Gastronom an Auteur vu Kachbicher

De Paul Bocuse, gebuer den 11. Februar 1926 zu Collonges-au-Mont-d'Or an och do gestuerwen den 20. Januar 2018[1], war e franséische Kach, Gastronom an Auteur vu Kachbicher.

Paul Bocuse
Gebuertsnumm Paul François Pierre Bocuse
Gebuer 11. Februar 1926
Collonges-au-Mont-d'Or
Gestuerwen 20. Januar 2018
Collonges-au-Mont-d'Or
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Chefkach, Geschäftspersoun
Famill
Papp Georges Bocuse
Kanner Jérôme Bocuse

De Paul Bocuse gëtt zu de beschte Käch vum 20. Joerhonnert gezielt. Säi Restaurant L'Auberge du Pont de Collonges (och einfach Paul Bocuse genannt) huet zënter 1965 ouni Ënnerbriechung 3 Stären am Guide Michelin. 1989 gouf e vu Gault-Millau zum "Kach vum Joerhonnert" ernannt. De Paul Bocuse huet vill Schüler, déi selwer bekannt Käch goufen.

A sengem Buch Cuisine de France mécht hie sech staark fir d' cuisine du terroir, déi frësch an onverfälscht de Goût an d'Traditioune vun der Regioun, wou se hier ass, souwéi och d'Joreszäiten, erëmspijele soll. La cuisine du marché en hommage à Alfred Guérot (Flammarion, 1976) gëllt als de Grondstee vun der Nouvelle cuisine française.

De Bocuse huet 1987 de wichtegsten internationale Councours fir professionell Käch an d'Liewe geruff, de Bocuse d'Or[2], deen all zwee Joer zu Lyon organiséiert gëtt.

1975 gouf e vum Staatspresident Valéry Giscard d'Estaing zum Ritter vun der Légion d'honneur ernannt.

Nieft sengem Talent weess de Bocuse sech och gutt selwer an Zeen ze setzen an ze vermaarten, notamment duerch Liewensmëttel, déi ënner dem Label Bocuse verkaaft ginn. Hie kacht haut kaum nach selwer.

2008 huet hien zu Écully bei Lyon den Institut d'Hôltellerie et d'Art cullinaire Paul Bocuse gegrënnt, zu deem och e Fuerschungsinstitut gehéiert.

Kuerz viru sengem 80. Gebuertsdag huet hien ënnert dem Titel Le feu sacré seng Memoirë publiziéiert, mat enger Préface vum Giscard. Doranner verzielt en, datt hien zënter Joerzéngte mat 3 Fraen, an 3 Stéit, zesummelieft, dorënner d'Raymonde, mat där en zënter 1946 bestuet ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Paul Bocuse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Thibaut Danancher, Paul Bocuse, le pape de la gastronomie, est mort, Le Point, 20/01/2018
  2. Institut National de l'Audiovisuel, http://www.ina.fr/video/PAC01017060/piccata-de-veau-aux-asperges-video.html