Evangeliar vum hellege Willibrord

Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Evangeliar vum hellege Willibrord, och als Iechternacher Evangeliar‎ ernimmt (op Franséisch: Évangéliaire de saint Willibrord oder Évangéliaire d'Echternach), ass eng Evangelien-Bildhandschrëft, déi am 7. bis 8. Joerhonnert an Irland oder an Northumbria geschaf gouf[1].

eng Miniatur vun engem Léiw, Symbol vum Evangelist Marcus

Wéi d'Fransousen am Oktober 1794 Iechternach besat hunn, gouf d'Iechternacher Abtei vun den Zaldoten, awer och vun der Bevëlkerung, geplënnert a vill wäertvoll Bicher aus der Abteibibliothéik goufen dobäi geklaut. Nodeems sech d'Lag berouegt hat, konnt den Iechternacher Friddensriichter Michael Franz Josef Müller vun de 7000 Bänn der ronn 1500 recuperéieren, déi hien an d'Stad an d'Zentralbibliothéik féiere gelooss huet. Dorënner war och de Willibrordus-Evangeliar, deen 1802 zesumme mat anere Manuskripter vun Iechternach un d'franséisch Nationalbibliothéik vu Paräis huet missen ofgeliwwert ginn, wou en och haut nach ëmmer ass[2].

Literatur änneren

  • Spang, P., 1967. Handschriften und ihre Schreiber: ein Blick in das Scriptorium der Abtei Echternach. Luxemburg, Bourg-Bourger, 95 S. (Editiones Epternacenses).

Um Spaweck änneren

Commons: Evangeliar vum hellege Willibrord – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.visual-arts-cork.com/cultural-history-of-ireland/echternach-gospels.htm
  2. Spang 1967, S. 85.