Justin Gloden

lëtzebuergesche Foussballspiller a Liichtathleet

De Justin Gloden, gebuer den 22. Mäerz 1953 zu Elveng, ass e fréiere lëtzebuergesche Foussballspiller a Liichtathleet.

Justin Gloden
Gebuer 22. Mäerz 1953
Elveng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Liichtathleet
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Gréisst 174 Zentimeter
Gewiicht 63 kg
Veräin/Ekipp C.A. Spora Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Karriär änneren

Als Sportler a Leefer (Member vum Club Spora Lëtzebuerg an duerno Celtic Dikrech) op laange Strecken hat hien zu Lëtzebuerg an am Ausland vill Erfolleg.

Hien huet seng sportlech Karriär als Foussballspiller beim FC Brouch ugefaangen an no 3 Joer huet hie bei d'Spora gewiesselt. Den 12. November 1975 huet hie fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp an engem Frëndschaftsmatch géint Däitschland matgespillt.[1]

Hien huet un den Olympesche Summerspiller zu Seoul um Marathonlaf deelgeholl wou hie mat 2.22'14" op déi 36. Plaz ënner 118 Konkurrente komm ass.

De Justin Gloden schafft op enger Bank, ass bestuet an huet 2 Kanner.

Palmarès änneren

(Stand: 30.11.2007, Quell: FLA)
Virdrun    Sportler vum Joer    Duerno
Lucien Didier 1980 Fonsy Grethen


Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Justin Gloden op der Websäit vun European Football