Josy Birsens

lëtzebuergesche Jesuitt

De Josy Birsens SJ, gebuer den 28. Abrëll 1960 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Jesuitt.

Josy Birsens
Gebuer 28. Abrëll 1960
Nationalitéit Lëtzebuerg

Seng Schoulzäit huet de Josy Birsens an der École Apostolique zu Clairefontaine a vun 1975 un am Lycée Michel Rodange gemaach. No senger Première am Joer 1979 ass hien an de Jesuittenuerden agetrueden. Säi Geschichts-, Philosophies- an Theologiesstudium huet hien zu Namur, zu Louvain-la-Neuve op der Université catholique de Louvain (1965-1987) an zu Frankfurt am Main op der Philosophisch-Theologische Hochschule Sankt Georgen (1990-1995) absolvéiert.

1994 ass hien zum Priister geweit ginn an hien ass zanter 1995 an der Jesuittecommunautéit um Belair an der Stad Lëtzebuerg doheem. Bis 2007 war hien Aumônier vu Jugendlechen an der JEC (Jeunesse Etudiante Chrétienne).

Am Joer 2007 war hien Oktavpriedeger[1]. Zanter September 2007 ass hie spirituelle Begleeder an der Äerzdiözes Lëtzebuerg, wou hie besonnesch Paschtéier a Seminariste begleet. Hien ass och kierchlechen Assistent vun der Communauté de Vie Chrétienne (CVX).

Verëffentlechungen änneren

  • 1990: Manuels de catéchisme, missions de campagne et mentalités populaires dans la duché de Luxembourg aux XVIIe-XVIIIe siècles, Publications de la Section Historique de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, n°105.
  • 1994: Fir Glawen a Kultur Les Jésuites à Luxembourg. Die Jesuiten in Luxemburg 1594-1994, Hémecht 1/1994
  • 2003/04: 400 Joer Kolléisch. éditions saint-paul. Fënnef Bänn, bibnet.lu:000432326: Band I, ënner der Leedung vum Josy Birsens S.J.: Du Collège des Jésuites au Collège Municipal 1603-1815. 287 S.
  • 1994: Das Wirken der Jesuiten in Luxemburg im Dienst von Glaube und Kultur (1594-1994), Die Warte 15/1697, Luxemburger Wort 5. 5. 1994
  • 2007: Iwwerräich beschenkt vu Gott. Oktavpriedegten 2007, Ed. Saint-Paul, Lëtzebuerg ISBN 978-2-87996-715-8
  • 2011: Les Jésuites et leur collège: renforcement de l'identité catholique entre 1603 et 1773, S. 180-193 an: Emil Haag, Une réussite originale - Le Luxembourg au fil des siècles ; Lëtzebuerg (Éditions Guy Binsfeld), 2011; 576 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5
  • 2017:Die Bruderschaft der Trösterin der Betrübten in Luxemburg: Entstehung und Entwicklung (1652-1795 in Hémecht

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Oktavpriedeger 2007 Archivéiert op 2014-11-29. Gekuckt de(n) 2013-09-03.