De Joseph-Louis de Lagrange, gebuer de 25. Januar 1736 zu Turin als Giuseppe Lodovico Lagrangia a gestuerwen den 10. Abrëll 1813 zu Paräis war en italieenesche Mathematiker an Astronom.

Joseph-Louis Lagrange
Gebuertsnumm Giuseppe Ludovico Lagrangia
Gebuer 25. Januar 1736
Turin
Gestuerwen 10. Abrëll 1813
Paräis
Nationalitéit Frankräich, Kinnekräich Piemont-Sardinien
Aktivitéit Mathematiker, Astronom, Physiker, Politiker, Schrëftsteller, Universitéitsprofesser
Member vun Royal Society, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Royal Society of Edinburgh, Académie des sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino

Liewen änneren

De Lagrange gouf als Giuseppe Ludovico Lagrangia gebuer. Säi Papp war e guttsituéierte Beamte vu franséischer Ofstamung. Duerch Spekulatiounen hat d'Famill awer erhieflech finanziell Verloschter. De Lagrange ass an den Turiner Kolléisch gaangen, wou hie mat 17 Joer dat éischt mathematescht Interessi gewisen hat, nodeem hien zoufälleg op eng Publikatioun vum Edmond Halley, gestouss war. Säi Papp wollt, datt hie Jurist sollt ginn, awer an der Schoul hat sech de Lagrange méi fir d'Mathematik intresséiert, speziell fir d'Geometrie. An engem Joer hat hie sech dat komplett Wësse vun engem vollstänneg ausgebilte Mathematiker aus senger Zäit bäibruecht.

Mat 19 Joer krut hien e Léierstull fir Mathematik op der kinneklecher Artillerieschoul zu Turin. Do huet hien och seng éischt wëssenschaftlech Aarbechten iwwer d'Differentialequatiounen a d'Variatiounsrechnung publizéiert. 1757 hat hien zu de Grënner vun der Turiner Akademie gehéiert.

Op Ufro vum Friedrich II. vu Preisen goung de Lagrange 1766 als Direkter vun der preisescher Akademie vun de Wëssenschafte an Nofollger vum Leonhard Euler op Berlin. Do huet hie sech mat Problemer vun der Astronomie beschäftegt, awer och mat de partieller Differentialequatioun souwéi mat Froe vun der Geometrie an der Algebra.

Nom Doud vum Friedrich II. (1786) goung hie 1787 als Pensionär vun der Akademie sc op Paräis. No enger Phas vun Depressiounen huet hie 1788 säi bekannt Wierk iwwer theoreetesch Physik Mécanique analytique publizéiert; eng weider Publikatioun déi d'Dräikierperproblem vun der Himmelsmechanik behandelt.

1793 war d'Period vun der Terreur an all d'Auslänner goufen aus Frankräich gejot. De Lagrange krut eng Spezialautorisatioun. Kuerz Zäit krut hie 1795 eng Léierplaz op der École normale supérieure a koum an den nei gegrënnten Institut de France. Vu 1797 huet hien dunn op der École polytechnique Schoul gehalen.

Ënner dem Napoleon I. gouf hien zum Grof a Senateur vu Frankräich ernannt. Doduerch huet hien de Papp vum Augustin Louis Cauchy kennegeléiert a gouf en Ënnerstëtzer vum Cauchy.

De Lagrange ass am Panthéon opgeboort. Hien ass och mat sengem Numm um Eiffeltuerm veréiwegt (kuckt dozou: 72 Nimm um Eiffeltuerm).

Hie war de Monni vum Giovanni Antonio Amedeo Plana.

Zesummefassung vu senge Leeschtungen änneren

De Lagrange hat déi analytesch Mechanik (Lagrangefunktioun) begrënnt. Weider Aarbechtsgebidder waren d'Dräikierperproblem vun der Himmelsmechanik (Lagrange-Punkten), d'Variatiounsrechnung an d'Theorie vun de komplexe Funktiounen. Hien hat Undeel un der Gruppentheorie (ier déi als eege Fuerschungsbranche existéiert huett) a bei der Theorie vun de quadratesche Formen an der Zuelentheorie.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Joseph-Louis Lagrange – Biller, Videoen oder Audiodateien