Giovanni Antonio Amedeo Plana

De Barong Giovanni Antonio Amedeo Plana, gebuer de 6. November 1781 zu Voghera a gestuerwen den 20. Januar 1864 zu Turin war en italieeneschen Astronom a Mathematiker.

Giovanni Antonio Amedeo Plana
Gebuer 6. November 1781
Voghera
Gestuerwen 20. Januar 1864
Turin
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Educatioun École polytechnique
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Universitéitsprofesser, Politiker
Member vun Royal Society, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

Hie war den Neuveu vum berüümte Mathematiker Joseph-Louis Lagrange. De Plana war laang Professer vun der Astronomie an Direkter vum Observatoire zu Turin a Senateur.

Als auswäertege Member war hien zanter 1827 an der Royal Society. Do gouf hie mat der Copley-Medail am Joer 1834 ausgezeechent. E Moundkrater gouf och nom Plana genannt.

Schrëften änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren