Josef Kohns

däitsche Jurist

De Josef Kohns, gebuer den 8. November 1900 zu Koblenz a gestuerwen den 28. Oktober 1988 zu Bornheim, war en däitsche Jurist a Politiker, deen am Zweete Weltkrich Amtsbuergermeeschter vu Péiteng an dono vun Esch-Uelzecht war.[1]

Josef Kohns
Gebuer 8. November 1900
Koblenz
Gestuerwen 28. Oktober 1988
Bornheim
Nationalitéit Däitscht Räich, Däitschland
Aktivitéit Jurist, Politiker
Partei CDU
Member vun NSDAP

Amtsbuergermeeschter vu Péiteng a vun Esch-Uelzecht änneren

De Josef Kohns huet 1928 zum Dr. jur. promovéiert. 1930 ass hien Amtsbuergermeeschter vu Bleialf an der Äifel ginn. Am Juli 1941 gouf de Kohns, deen zënter 1938 (zeréck datéiert op 1937) Member vun der NSDAP war, Amtsbuergermeeschter vu Péiteng. Zum Amt Péiteng hunn nieft der Stad Péiteng nach d'Gemengen Dippech, Nidderkäerjeng a Kënzeg gehéiert. Vum 13. Mäerz 1942 u war de Kohns Amtsbuergermeeschter vun der Stad Esch-Uelzecht, zu där zënter dem Juli 1941 och déi fréier Gemeng Schëffleng gezielt huet. Well d'Amerikaner ëmmer méi no op Lëtzebuerg virgestouss sinn, huet de Kohns sech den 1. September 1944 Richtung Däitschland aus dem Stëbs gemaach. Do gouf hie bis 1945 kommissaresche Buergermeeschter vu Bad Kreuznach an dono Dezernent bei der Kreesverwaltung vu Bad Kreuznach.

Politesch Karriär an der BRD änneren

Am Kader vun der Entnatifizéierungsprozedur an Däitschland gouf de Kohns 1946 aus sengem Amt entlooss. Déi Decisioun gouf awer am November 1947 revidéiert. De Kohns gouf elo nëmmen nach als einfache Matleefer aklasséiert a säi Gehalt gouf wärend engem Joer just ëm 10% gekierzt. Domat war de Wee fräi fir d'politesch Karriär vum Kohns, dee Member vun der CDU war. Hie gouf Buergermeeschter vu Bad Kreuznach (1949-1952), dono Landrat zu Mayen (1952-1963). Am Laf vum Joer 1963 gouf hie schliisslech esouguer an de Landtag vu Rheinland-Pfalz gewielt, deem hie bis 1967 ugehéiert huet. 1968 krut hien als Unerkennung fir seng Verdéngschter dat Grousst Verdéngschtkräiz vun der Bundesrepublik (Großes Verdienstkreuz der Bundesrepublik Deutschland).

Am Viséier vun der lëtzebuergescher Justiz änneren

Zu Lëtzebuerg ass dem Kohns nom Krich virgeworf ginn, dofir verantwortlech gewiescht ze sinn, datt de Roger Budinger (Büdinger), een Autosmecanicien vu Péiteng, a siwwenzéng aner Leit aus dem Amt Péiteng an d'KZ koumen an deenen hir Familljen ëmgesidelt goufen. Am November 1947 huet d'lëtzebuergesch Justiz eng Ausliwwerungsdemande un Däitschland gestallt. Wéi d'Saach weider gaangen ass, geet net aus den Dokumenter aus dem Nationalarchiv ervir. Et schéngt es awer, wéi wann de Kohns net zu Lëtzebuerg viru Geriicht gestallt gi wier.

Literatur änneren

  • Maas, W, 1985. Kreis Mayen mit Liebe gedient: Landrat a. D. Dr. Josef Kohns wird heute 85 Jahre alt. Rhein-Zeitung 1985-11-08, Nr. 259: 20.
  • Maas, W., 1998. Landrat Kohns. Andernacher Annalen 2 (1997/1998): 117-120.
  • Massard, J.A., 2018a. Esch: Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Rathaus wehte (II). Nazis auf dem Bürgermeisterstuhl. Tageblatt, 3. Dezember 2018, Nr. 281: 4-5.
  • Massard, J.A., 2018b. Als die Hakenkreuz-Fahne auf dem Escher Rathaus wehte. Erweiterte Online-Version einer im Tageblatt publizierten dreiteiligen Artikel-Serie (November – Dezember 2018).
  • Präsident des Landtags Rheinland-Pfalz, Hrsg., 2016. Die Stellvertreter des freien Volkes: Die Abgeordneten der Beratenden Landesversammlung und des Landtags Rheinland-Pfalz von 1946 bis 2015. Springer VS, Wiesbaden, VIII-813 S.
  • RPPD, 2018. Kohns, Josef, 1900-1988. Rheinland-Pfälzische Personendatenbank (online, zuletzt bearbeitet: 01.12.2015).

Referenzen änneren

  1. Massard 2018a; Massard 2018b, S. 28-36; Maas 1985, 1998; RPPD 2018; Präsident des Landtags Rheinland-Pfalz 2016, S. 369.