Den Jonathan Hill, Baron Hill of Oareford, gebuer de 24. Juli 1960 zu London, ass e brittesche konservative Politiker.[1]

Jonathan Hill
Gebuertsnumm Jonathan Hopkin Hill
Gebuer 24. Juli 1960
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Trinity College
Aktivitéit Politiker, Schrëftsteller, Geschäftspersoun, Biograph
Partei Konservativ Partei

Vun 2013 bis 2014 war hie Leader vum House of Lords an Chancellor of the Duchy of Lancaster ënner dem Premier David Cameron.[2]

Hie gouf den 10. September 2014 zum Kommissär an der Europäescher Kommissioun ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker ernannt, responsabel fir d'Finanzstabilitéit, Finanzservicer a Kapitalmäert.[3] Den 1. November huet hie säin Amt ugetrueden.

De 25. Juni 2016 huet den Jonathan Hill säi Récktrëtt fir de 15. Juli dat Joer ugekënnegt, nodeems eng Majoritéit vun de brittesche Wieler beim sougenannte Brexit-Referendum dofir gestëmmt hat, datt Groussbritannie soll aus der EU austrieden. De Valdis Dombrovskis huet säi Portefeuille bannent der Kommissioun iwwerholl.[4]

Auszeechnungen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. www.dodspeople.com
  2. www.burkespeerage.com
  3. www.bbc.co.uk
  4. "U.K. Commissioner to EU Jonathan Hill to Step Down." Jwsj.com, June 25, 2016 8:52 a.m. ET
  5. www.parliament.uk