Jesús Moncada

spuenesche Schrëftsteller

De Jesús Moncada Estruge, gebuer den 1. Dezember 1941 zu Mequinensa, Baix Cinca a Spuenien, a gestuerwen den 13. Juni 2005 zu Barcelona, war e spuenesche Schrëftsteller, deen op Katalounesch geschriwwen huet.

Jesús Moncada
Gebuer 1. Dezember 1941
Mequinenza
Gestuerwen 13. Juni 2005
Barcelona
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Spuenien
Aktivitéit Schrëftsteller, Iwwersetzer, Moler

Säi Studium huet de Jesús Moncada tëscht 1953 an 1958 an enger liberaler Schoul, dem Colegio de Santo Tomás de Aquino zu Saragossa gemaach, eng Raritéit an der Zäit vun der Franco-Diktatur.

Säin éischte Roman, Carni de sirga spillt am Moncada senger Heemechtsstad Mequinenza, am Roman Torrellloba genannt, déi an de 70er Joren huet missen evakuéiert ginn. Nodeem den Ebro gestaut gouf, ass d'Stad am Waasser verschwonnen, wéi Biwels bei Bau vum Pompelspäicherwierk Veianen.

Den zweete Roman La galeria de les estàtues vun 1992 spillt sech an der imaginärer Stad Torrelloba of, enger Provënzhaaptstad, déi Saragossa noempfonnt ass.

1998 kënnt e Buch mat Erzielungen eraus, Calaveres atònites. Et geet doran ëm e jonken Affekot, deen an de 50er Joren zu Mequinensa e Poste fir Friddensriichter unhëlt.

Dem Moncada seng literaresch Wierker sinn iwwersat ginn op Däitsch, Englesch, Aragoneesesch, Dänesch, Slowakesch, Sloweenesch, Spuenesch, Franséisch, Galizesch, Hebräesch, Ungaresch, Italieenesch, Japanesch, Hollännesch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Russesch, Schweedesch a Vietnameesesch.

Wierker änneren

Originaleditiounen änneren

  • Històries de la mã esquerra, Barcelona, La Magrana, 1981.
  • El Café de la Granota, Barcelona, La Magrana, 1985
  • Camí de Sirga. Barcelona, La Magrana, 1988.
  • La galeria de les estãtues. Barcelon, La Magrana, 1992.
  • Estremida memòria. Barcelona: La Magrana, 1997.
  • Calaveres atònites. Barcelona: La Magrana, 1999.
  • Cabòries estivals i altres proses volanderes. Fraga-Calaceit: Quaderns de les Cadolles. Institut d'Estudis del Baix Cinca, 2003

Däitsch Editiounen änneren

  • Die Versinkende Stadt (Camí de sirga). iwwersat vum Willi Zurbrüggen, Frankfurt, Fischer, 1995.
  • Die Galerie der Statuen (La Galeria de les estàtues). iwwersat vum Willi Zurbrüggen, Frankfurt, Fischer, 1997.

Franséisch Editiounen änneren

  • Les Bateliers de l'Èbre (Camí de sirga). iwwersat vum Bernard Lesfargues, París, Seuil, 1992.
  • Frémissante mémoire. iwwersat vun der Mathilde Bensoussan, Paräís, Gallimard, 2001.

Englesch Editioun änneren

  • The Towpath (Camí de sirga), iwwersat vun der Judith Willis, London, Harvill, 1994.

Dem Moncada seng Iwwersetzungen an d'Katalounescht (Auswiel) änneren

  • Carrer de l'estació, vum Léo Malet, Barcelona: La Magrana, 1990
  • Tots els morts tenen la mateixa pell vum Boris Vian, Barcelona: La Magrana 1993
  • Les proeses d'un jove don Joan, vum Guillaume Apollinaire, Barcelona La Magrana 1995
  • Els fills del Capità Grant, vum Jules Verne. Barcelona: La Magrana, 1996
  • El comte de Montecristo, vum Alexandre Dumas, Barcelona: La Magrana 2002