Jeffery Deaver
Den Jeffery Deaver, gebuer de 6. Mee 1950 zu Glen Ellyn, Illinois, USA, ass en US-amerikanesche Schrëftsteller, dee bekannt ass wéinst sengen intelligente psychologesche Thrilleren.
Jeffery Deaver | |
---|---|
Gebuer | 6. Mee 1950 |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Universitéit vum Missouri, Fordham University |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Journalist, Affekot |
Hie war Affekot an huet ofwiesselnd a Virginia an a Kalifornien gelieft.
Berüümt gouf hien haaptsächlech duerch seng Romaner iwwer de Lincoln Rhyme an duerno iwwer den John Pellam.
Hien huet eng Schwëster, déi méi jonk wéi hien ass a Kannerbicher schreift: Julie Reece Deaver.
Säin éischt Buch huet hien am Alter vun 11 Joer geschriwwen. Et huet am Ganzen aus zwéi Kapitele bestanen. Hien huet Journalismus studéiert an huet fir d'New York Times an de Wallstreet geschriwwen. Duerno huet hien Droit studéiert a laang fir eng grouss Firma geschafft.
1990 huet e sech du ganz un d'Schreiwe ginn.
Auszeechnungen
änneren- 2001: W.H. Smith Thumping Good Read Award fir d'Buch The Empty Chair.
- Hie krut dräimol den Ellery Queen Reader's Award fir déi bescht Kuerzgeschichten.
Bibliographie
ännerenRomaner
ännerenNancy Drew Serie
ännerenJohn Pellam Serie
ännerenËnner dem Pseudonym William Jefferies geschriwwen.
Lincoln Rhyme Serie
änneren- 1997: The Bone Collector
- 1989: The Coffin Dancer
- 2000: The Empty Chair
- 2002: The Stone Monkey
- 2003: The Vanished Man
- 2005: The Twelfth Card
- 2006: The Cold Moon (2006)
Aner Bicher
ännerenFilmer
änneren- 1997: gouf d'Buch A Maiden´s Grave als Dead Silence mam James Garner a mam Marlee Matlin verfilmt.
- 1999: gouf dat éischt Buch aus der Lincoln Rhyme Serie The Bone Collector mam Angelina Jolie a mam Denzel Washington verfilmt.