The New York Times

US-amerikanesch Dageszeitung
(Virugeleet vu(n) New York Times)


The New York Times (dacks als NYT ofgekierzt) ass eng US-amerikanesch Dageszeitung, déi den 18. September 1851 an der Stad New York gegrënnt gouf. Si ass eng vun de gréissten an aflossräichsten Zeitungen op der Welt mat ronn enger Millioun verkaaften Exemplaire pro Dag (wärend der Woch). Hiren Internetsite huet all Mount iwwer 30 Milliounen Eenzelvisiteuren.


Typ Dageszeitung
Periodizitéit 1 Dag
Sprooch Englesch
Éischt Ausgab 18. September 1851
Grënner George Jones,
Henry Jarvis Raymond
Land USA
Websäit https://www.nytimes.com