De Jean Reiter, gebuer de 14. Februar 1954, ass ee lëtzebuergesche Professer am Secondaire a Philosoph.

Jean Reiter
Gebuer 14. Februar 1954
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Philosoph, Lycéesprofesser

No senge Secondairesstudien am Lycée Michel-Rodange an der Stad huet de Jean Reiter op der Sorbonne zu Paräis Philosophie studéiert. No engem DEA iwwer d'Philosophie vum Kierkegaard a vum Heidegger, ëmmer nach op der Sorbonne, ass hien 1979 als Professeur stagiaire an den LMRL zeréckkomm. Seng wëssenschaftlech Thees am Kader vum Stage, Le temps chez Kierkegaard et Heidegger, huet hien 1981 verdeedegt. 1983 krut hie seng éischt Nominatioun an de Péitenger Lycée Mathias-Adam. 1997 huet hie seng Mutatioun an den LMRL ugefrot a kritt. Do war hien iwwregens vun 2003 bis 2006 Directeur adjoint. 2006 huet de Jean Reiter déi Plaz opginn an huet sech an de Kolléisch versetze gelooss.

De Jean Reiter huet nieft der Philosophie och Franséisch enseignéiert. 2016 ass hien a Pensioun gaangen an ass du geschwë fräie Mataarbechter beim radio 100,7 ginn. Do betreit hien eng Radiossendung ënner dem Titel "Liewenswäisheeten".

Vun 2016 bis 2019 huet hien, als "reintegréierte Professer", nees franséisch Coursen am Stater Kolléisch ginn.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Wie abhängig ist die menschliche Seele?; in: Sicut cervus 2007; erausgi bei Heimat und Mission, Clairefontaine, 2007; Ss. 51-76.
  • La clarté obscure de la philosophie de René Descartes; in: d'Letzeburger Land, Joergank 34 (1987), Nr. 49, Ss. 8-9 (ill.).
  • (als Co-Auteur) Itinéraires philosophiques; Philosophiesbuch (Anthologie) fir d'Premièresklasse vum Secondaire classique; Lëtzebuerg (Educatiounsministère), 2002; XXII + 464 Säiten.

Literatur änneren