Dëse Philosophiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Martin Heidegger, gebuer de 26. September 1889 zu Meßkirch a gestuerwen de 26. Mee 1976 zu Freiburg im Breisgau, war en däitsche Philosoph. Hie stoung an der Traditioun vun der Phenomenologie virun allem vum Edmund Husserl, der Lebensphilosophie besonnesch vum Wilhelm Dilthey an dem Søren Kierkegaard senger Existenzdeitung, déi en an enger neier Ontologie iwwerwanne wollt. Dem Heidegger seng wichtegst Ziler waren d'Kritik vun der westlecher Philosophie an d'Ausschaffe vun enger Basis fir en neit Versteesdemech vun der Welt.

Martin Heidegger
Gebuer 26. September 1889
Meßkirch
Gestuerwen 26. Mee 1976
Freiburg im Breisgau
Doudesursaach Infektiounskrankheet
Nationalitéit Weimarer Republik, Däitscht Räich 1933–1945, Westdäitschland
Educatioun Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg,
Albert-Ludwigs-Universitéit Freiburg
Aktivitéit Philosoph, Dichter, Universitéitsprofesser
Partei NSDAP
Member vun Bayerische Akademie der Schönen Künste


1930 huet den Heidegger mat senger Gesamtinterpretatioun vun der westlecher Philosophiegeschicht ugefaangen.

Hie gëllt als ee vun den aflossräichste Philosophen vum 20. Joerhonnert. Ma säi Wierk ass och ëmstridden; besonnesch säin Engagement wärend der Zäit vum Nationalsozialismus gëtt bis haut kontrovers diskutéiert. Hie war vun 1933 bis 1945 Member vun der NSDAP an 1934 ee vun de Grënnungsmemberen vum Ausschuss für Rechtsphilosophie vun der nationalsozialistescher Akademie für Deutsches Recht, dee vum Hans Frank gefouert gouf.