Jean Krier (Archeolog)

(Virugeleet vu(n) Jean Lucien Krier)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Archeolog Jean Krier. Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Jean Krier.

De Jean (Lucien) Krier, gebuer de 27. Dezember 1951, ass e lëtzebuergeschen Archeolog, Historiker a fréiere Leefer.

Jean Krier
Gebuertsnumm Jean Lucien Krier
Gebuer 27. Dezember 1951
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Archeolog, Historiker, Leefer

Liewen änneren

De Jean Krier ass an engem Wënzerbetrib zu Bech-Maacher op der Musel opgewuess an huet säi Secondaire an der Internatsschoul vun den Häerz-Jesu-Pateren zu Clairefontaine gemaach a säi lëtzebuergesche Premièresexamen am Stater Kolléisch geschriwwen (A gréco-latine; 1971). Duerno huet hien op der Universitéit Tréier Al Geschicht (Altertum), Germanistik an Archeologie studéiert. Vu September 1977 bis Juni 1979 huet hien als wëssenschaftlech Hëllefskraaft bei der Kommission für Alte Geschichte und Epigraphik vum Däitschen Archeologeschen Institut zu München geschafft an hat wëssenschaftlech Openthalter zu Lyon an zu Roum. Am Dezember 1978 huet hien zu Tréier mat enger Dissertatioun iwwer Die Treverer ausserhalb ihrer Civitas - Mobilität und Aufstieg promovéiert (Dr. phil.).

Am Juli 1979 koum de Jean Krier als "Chef de Service", spéider "Conservateur", fir d'Archeologie an den deemolege Staatsmusée (haut MNHA) um Fëschmaart. Hien huet eng ganz Rei vu Gruewungen uechter d'Land geleet, respektiv iwwerwaacht, vill un der archeologescher Kaart vum Grand-Duché geschafft an iwwer 240 Gruewungsberichter a soss historesch-archeologesch Artikelen zu Lëtzebuerg an an anere Länner publizéiert. D'Héichpunkten a senger Carrière waren d'Entdeckung vum gallo-réimeschen Theater vun Duelem (1985), déi vum Mosaik vu Viichten (1995) an och déi vu Bartréng-Burmicht (fréikeeserzäitleche Mausoleum, spéitréimesche "Burgus" mat Pëtz a gutt erhalener Waasserpompel a merowengesch Adelsnekropol (1997-2003). Vun 1999 bis 2002 war hie responsabel fir de Konzept an d'Ariichtung vun der gallo-réimescher Sektioun am neie Gebai vum MNHA um Fëschmaart. Den 1. September 2014 ass de Jean Krier a Pensioun gaangen a krut den Titel "Conservateur honoraire".

De Jean Krier ass zanter 1985 effektive Member vun der Section historique vum Institut grand-ducal an zanter 1995 Korrespondierendes Mitglied vum Däitschen Archeologeschen Institut. Ausserdeem ass e Member (op Liewenszäit) vun der Association internationale d'épigraphie grecque et latine (AIEGL).

Den 1. Mäerz 2015 gouf de Jean Krier mat der „Gëllener Amphor“ vun de Georges Kayser Altertumsfuerscher vun Nouspelt ausgezeechent.

Seng wichtegst Interessegebidder sinn d'Archeologie an d'Geschicht souwuel vun der gallo-réimescher wéi vun der merowengescher Period (ë. a. zu Iechternach), d'laténgesch Epigraphik an d'Wierk vum Alexandre Wiltheim.

De Jean Krier ass mat der Historikerin Véronique Stoll bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Sport änneren

A senge jonke Joren hat hie sech och en Numm am Lafsport gemaach, sou war hien 1973 Landesmeeschter am 3000 m-Hënnerneslaf an 1979 am Marathon, a war bis Oktober 2019 mat 2h28'34" (Frankfurt 1984) ënner den zéng beschte Lëtzebuerger Marathonleefer vun allen Zäiten, bis seng Beschtzäit vum Phillipe Gillen (02h25'45") a Benjamin Sathre (02h16'02") de 27. Oktober beim Mainova Frankfurt Marathon 2019 iwwertraff gouf.[1]. Am Wanter 1978/79 gouf hie Münchener Universitéitsmeeschter am Cross-Lafen.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Die Treverer ausserhalb ihrer Civitas - Mobilität und Aufstieg ; Dissertatioun (Ph.D.), erauskomm als Beiheft 5 vun der Trierer Zeitschrift für Geschichte und Kunst des Trierer Landes und seiner Nachbargebiete, erausgi vum Rheinesche Landesmuseum zu Tréier; 1981; 206 Säiten. ISBN 3-923319-00-2
  • Zwei weitere Treverer aus dem Nehalennia-Heiligtum bei Colijnsplaat (Niederlande) ; in: Trierer Zeitschrift 48, 1985, 115-119.
  • Zu den Anfängen der römischen Besiedlung auf "Pëtzel" bei Dalheim ; in: Publications de la Section historique (PSH) 94, 1980, 139-194.
  • (mam Robert Wagner) Das römische Theater in Dalheim (Vorbericht) ; in: Hémecht 37, 1985, 587-614.
  • Ein römisches Bergheiligtum auf dem "Buerggruef" bei Grewenmacher ; in: 175 Joar Harmonie municipale Grevenmacher 1834-2009, Festschrëft, Lëtzebuerg (Drock: Sankt-Paulus), 2010, 113-134.
  • (mam Robert Wagner) Zur Frühgeschichte des Willibrordusklosters in Echternach ; in: Hémecht 37, 1985, 15-51.
  • Echternach und das Kloster des heiligen Willibrord ; in: Die Franken, Wegbereiter Europas. Vor 1500 Jahren: König Chlodwig und seine Erben ; Mainz, 1996; Bd. 1, 466-478.
  • (mam Raymond Weiller, a mat Bäiträg vum Hubert Collin a vum Gérard Thill) Le manuscrit Wiltheim de Baslieux - Un document archéologique et historique du XVIIe siècle ; Lëtzebuerg, 'Publications nationales du Ministère des Affaires culturelles', 1984; 141 Säiten.
  • (mam Edmond Thill a mam Raymond Weiller) Alexandre Wiltheim (1604-1684) - Sa vie, son oeuvre, son siècle - Bilan d'une exposition ; Lëtzebuerg, Staatsmusée, 1984; 84 Säiten + een ugehaangene Stammbam vun der Famill Wiltheim.
  • Die letzten Lebensjahre Alexander Wiltheims und die Niederschrift der 'Luciliburgensia Romana' ; in: Le Luxembourg en Lotharingie / Luxemburg im Lotharingischen Raum (= 'Mélanges Paul Margue / Festschrift Paul Margue'); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1993, 339-344.
  • (mam François Reinert) Das Reitergrab von Hellingen - Die Treverer und das römische Militär in der frühen Kaiserzeit ; mat engem Bäitrag vum Rainer Fischer; Lëtzebuerg, MNHA, 1993; 103 Säiten. ISBN 2-87978-000-4 - Vgl. dozou e Compte Rendu an der Zäitschrëft L'antiquité classique, 1995, Bd. 64, Nr. 64, 570-571.
  • Der römische Vicus in Dalheim ; Lëtzebuerg, MNHA, 2010; 45 Säiten (ill.); ISBN 978-2-87985-125-9 (<= däitschsproocheg Ausgab); et gëtt och eng franséischsproocheg Versioun => ISBN 978-2-87985-137-2, mam Titel: Le vicus romain de Dalheim.
  • Deae Fortunae ob salutem imperi: Nouvelles inscriptions de Dalheim (Luxembourg) et la vie religieuse d'un vicus du nord-est de la Gaule à la veille de la tourmente du IIIe siècle, in: Gallia 68.2, 2011, 313-340.
  • Livia Augusta in Trier - Die Wiederentdeckung eines kolossalen Marmorkopfs der Gattin von Kaiser Augustus, in: Funde und Ausgrabungen im Bezirk Trier 46, 2014, 24-36.
  • Eine römische Inschrift aus Mertert und der Vicus Suromagus, in: Archaeologia Luxemburgensis 3, 2016, 76-95.
  • I.O.M. Turmasgades. Eine (fast) vergessene römische Weiheinschrift aus Trier, in: Funde und Ausgrabungen im Bezirk Trier 48, 2016, 15-29.
  • Grab 36 aus Lamadelaine und die altitalische Familie der Lutatii Catuli, in: Archaeologia Luxemburgensis 4, 2017-2018, 94-116.
  • Alexander Wiltheim (1604-1684). Ein Luxemburger Jesuit als Wegbereiter der wissenschaftlichen Archäologie im Raum zwischen Maas und Rhein, in: D. Boschung, A. Schäfer (Hrsg.), Monumenta illustrata. Raumwissen und antiquarische Gelehrsamkeit, Akten des internationalen Kolloquiums in Köln, 27.-29. Oktober 2016, Morphomata Bd. 41, Paderborn 2019, 197-228.
  • Alexander Wiltheim und der römische Aquädukt von Vichten, in: De Viichter Geschichtsfrënd 17, 2018, 6-9.
  • Saturn, Sol und die Anderen . . . Ein Bronzeblech mit der Darstellung der Wochentagsgötter und weitere seltene Fundstücke aus der römischen Villa in Walferdingen-Helmsingen, in: Archaeologia Luxemburgensis 5, 2019, 162-185.
  • Zwei Köpfe und ein girlandenhaltender Eros. Zu den Römersteinen im Kirchturm von Vichten, in: De Viichter Geschichtsfrënd 19, 2020, 10-21.
  • Eine Drachme aus Apollonia in Illyrien. Zu einem seltenen Neufund aus Schandel-"Kraizmier", in: De Viichter Geschichtsfrënd 21, 2022, 19-23.

Notten änneren