Gérard Thill

lëtzebuergeschen Historiker


De Gérard Thill, gebuer den 13. Mäerz 1925 zu Brühl, ass e lëtzebuergesche Professer, Archeolog, Historiker, Auteur a Muséesdirekter a. D.

Gérard Thill
Gebuer 13. Mäerz 1925
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Historiker

De Gérard Thill gouf no sengen Universitéitsstudien an der Reussite vun der Collation des grades Geschichtsprofesser am Secondaire. Seng Thees (1952) huet sech mat der Opléisung vum Stater Helleg-Geescht-Klouschter ënner dem Joseph II. (18. Jh.) beschäftegt.

1964 huet hien d'Nofolleg vum Josy Meyers als Direkter vum Nationalmusée um Fëschmaart an der Stad iwwerholl. Hien huet d'archeologesch Servicer vergréissert an d'Gruewunge staark gefërdert, besonnesch déi virgeschichtlech (Eisenzäit) an déi gallo-réimesch, wéi zu Giewel, Nouspelt, Steesel, Tëtelbierg, Duelem, asw. Hien huet och d'Bezéiungen zu auslännesche Kolleegen, Spezialisten a Fuerschungsinstituter ausgebaut.

Zanter 1965 ass de Gérard Thill Membre effectif vun der Section des Sciences historiques vum Institut grand-ducal.

1990 ass en a Pensioun gaangen. Zanterhier ass hien Éierendirekter vum Musée national d'histoire et d'art.

Literatur

änneren

Publikatiounen (Iwwerbléck)

änneren
  • Vor- und Frühgeschichte Luxemburgs ; Bd. I vum Handbuch der Luxemburger Geschichte in vier Bänden, für die Klassen des Sekundarunterrichts im Großherzogtum Luxemburg; Lëtzebuerg (Bourg-Bourger), 1973 (= 1. Oplo); 1977 (= 2. verbessert Oplo).
  • Les époques gallo-romaine et mérovingienne au Musée d'Histoire et d'Art; Lëtzebuerg, 1972 (2. Oplo).
  • Le couvent du Saint-Esprit; in: Hémecht, 1963; Ss. 169-219.

Gielercher

änneren

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. IN UNSERER REPORTAGE VON POL ASCHMAN „GIELERCHER“ op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 17. Juli 1973 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022