Prince

amerikanesche Sänger

De Prince, gebuer de 7. Juni 1958 zu Minneapolis am Minnesota als Prince Rogers Nelson, a gestuerwen den 21. Abrëll 2016 zu Chanhassen, och am Minnesota, war en US-amerikanesche Sänger, Komponist, Songwriter, Museksproduzent a Multiinstrumentalist.

Prince
Gebuertsnumm Prince Rogers Nelson
Pseudonym Prince, Jamie Starr, Alexander Nevermind, Joey Coco, Camille
Gebuer 7. Juni 1958
Minneapolis
Gestuerwen 21. Abrëll 2016
Chanhassen
Nationalitéit USA
Aktivitéit Filmschauspiller, Sänger, Filmregisseur, Liddermécher, Dréibuchauteur, Museksproduzent, Filmkomponist, Filmproduzent, Dänzer, Gittarist, Komponist, Schauspiller
Famill
Bestuet mat Mayte Garcia, Manuela Testolini
Papp John L. Nelson
Mamm Mattie Shaw
Geschwëster Tyka Nelson
De Prince (2009)

Karriär änneren

De Prince war vun 1978 un am Musekbusiness. Virun allem an den 1980er Joren huet hie mat senger Kombinatioun vun ënnerschiddleche Musekstiler déi international Musekszeen influenzéiert. Seng Musek geet vun R&B, Funk, Soul, Pop a Rock iwwer Blues bis hin zum Jazz. Hie schreift d'Texter zu senge Lidder, komponéiert an arrangéiert d'Musek, séngt se a spillt Instrumenter wéi Gittar, E-Bass, Piano, Keyboard a Batterie.

1984 hat hie säin internationalen Duerchbroch mam Film, der Single an dem Album Purple Rain. Aner Succèse vun him sinn When Doves Cry, Kiss, 1999, Little Red Corvette, Sign o' the Times, Let's Go Crazy oder Nothing Compares 2 U. Hien huet iwwer 100 Millioune Placke verkaf, siwe Grammye gewonnen, 1985 en Oscar fir déi bescht Filmmusek an 2007 e Golden Globe Award.

Zanter den 1990er Joren hat hie sech mat senge Plackefirme wéinst Auteursrechter vu senge Lidder an den Horen; vun 1993 bis 2000 huet hie seng Alben amplaz ënner sengem Numm ënner engem graphesche Symbol erausbruecht a gouf alt, faute de mieux, als The Artist Formerly Known As Prince bezeechent. Zanter 2000 ass hien awer nees als Prince opgetrueden.

De Prince huet offiziell knapps 900 Lidder geschriwwen, vun deenen der och eng Rëtsch vun aneren Artiste publizéiert goufen. Hien huet eng 40 eege Studiosalbumen erausbruecht.

Den 13. Juli 2011 hat hie säin eenzege Concert zu Lëtzebuerg, an der Rockhal.

Discographie änneren

Studioalben (Auswiel) änneren

 
De Prince zu Bréissel (1986).

Kompilatiounen a Live-Alben (Auswiel) änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Prince – Biller, Videoen oder Audiodateien