Jérôme Beck

lëtzebuergeschen Auteur a Radiospresentateur

De Jérôme Beck, gebuer den 18. Februar 1978 zu Lëtzebuerg ass e lëtzebuergesche Journalist, Televisiouns- a Radiospresentateur, Produzent, a Stand-Up-Comedian.

Jérôme Beck
Gebuer 18. Februar 1978
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

Biographie änneren

Karriär änneren

Seng Karriär als Radiosspeaker huet hien 1996 um Radio ARA ugefaangen, wou hien d'Emissioune Jérôme & Co, Saturday Box an am Summer d'Moiessendunge presentéiert huet.

1999 gouf hie Redaktiounsassistent zu Paräis bei France Télévisions fir d'Fernseesendung Union Libre, presentéiert vum Christine Bravo an Nikos Aliagas.

Vun 2001 un, huet hien op RTL Télé Lëtzebuerg Kanner- a Jugendsendunge wéi Planet RTL, RTL Boulevard, Planet Hits, Tv History a Coco&Co presentéiert [1] [2] [3] [4] [5] [6] [7] [8]. Zur selwechter Zäit huet hien, vun 2002 un, op RTL Radio Lëtzebuerg, d'Sendung Den Hunn am Kuerf presentéiert a war Member bei den RTL-Déckkäpp.

2006 war hien op RTL9 Chroniqueur an der Sendung Chacun sa place! déi vun der Evelyne Thomas presentéiert gouf.

Am Joer 2010 war de Jérôme Beck Journalist a Project Manager bei Endemol France zu Paräis an d'Joer drop huet hie bei derselwechter Firma d'Rubrik Zapping fir d'Sendung Morandini! um Fernseesender Direct 8 (haut: C8) produzéiert.

Vun 2013 bis 2015 war hie Presentateur vun enger Rubrik iwwer d'Mediewelt op de franséischen Televisiounssenderen BDM TV an Demain TV an 2016 huet hien all Dag eng Rubrik iwwer d'Mediewelt op L'Essentiel Radio presentéiert. Hien hat deemools och seng eege Lifestyle-Rubrik am Lëtzebuerger Journal.

Zënter 2017 ass de Jérôme Beck Journalist bei der Revue.

Literatur änneren

De Jérôme Beck ass den Auteur vum Buch « De quoi tu te plains? » („Iwwer wat beschwéiers du dech?“), dat am November 2008 bei den Éditions Schortgen erauskoum[9]. Am Buch hëlt hien de Lieser mat hannert d'Kulisse vu sengen deemolege Sendungen op RTL Télé Lëtzebuerg[10] [11].

Solidaritéit änneren

De Jérôme Beck huet sech fir de Kampf géint AIDS agesat, ënnert anerem, mat der Organisatioun « 2 Mains Rouges »[12].

Literaresch Auszeechnung änneren

1995, gouf de Jérôme Beck mam Prix spécial Père Klopp vun der ALUC (« Association luxembourgeoise des universitaires catholiques ») ausgezeechent[13].

Internet änneren

A sengem Buch « Ma vie de folie » verréit den Auteur Bernard Minet[14], datt de Jérôme Beck 1999, déi alleréischt Internetsäit iwwer déi franséisch Presentatrice a Sängerin Dorothée entworf a publizéiert huet.

Réckbléck änneren

De 24. September 2023, huet d'Tessy Antony an der Sendung Mënschen a Geschichten op RTL Télé Lëtzebuerg e Réckbléck op dem Jérôme Beck seng Karriär an de Medie presentéiert[15].

Lëscht vun de Radios- an Televisiounssendungen änneren

Televisiounssendungen änneren

  • Planet RTL op RTL Télé Lëtzebuerg (2001 - 2005)
  • Talents 2002 op RTL Télé Lëtzebuerg (2002)
  • Planet Hits op RTL Télé Lëtzebuerg (2002)
  • Hororrrscope op RTL Télé Lëtzebuerg (2002 - 2004)
  • Tv History op RTL Télé Lëtzebuerg (2002 - 2004)
  • RTL Karaoké Show op RTL Télé Lëtzebuerg (2004)
  • RTL Boulevard op RTL Télé Lëtzebuerg (2002 - 2004)
  • Coco & Co. op RTL Télé Lëtzebuerg (2005 - 2007)
  • Chacun sa place! op RTL9 a Frankräich (2006)
  • Le Zapping Morandini! op Direct 8 a Frankräich (2011)
  • La Matinale op BDM TV a Frankräich (2013)
  • L'After Dinner op Demain TV a Frankräich (2015)

Radiossendungen änneren

  • Jérôme & Co. um Radio Ara (1996 - 1999)
  • Saturday Box um Radio Ara (2000)
  • RTL-Déckkäpp op RTL Radio Lëtzebuerg (2002 - 2005)
  • Den Hunn am Kuerf op RTL Radio Lëtzebuerg (2003 - 2004)
  • Morningshow (5-9 Auer) op Vivre FM (2009 - 2010)
  • Verkéiersinformatiounen (Weekend 7-14 Auer) op SNCF La Radio / Goom Radio (2010)
  • France Bleu (2011)
  • Auslandskorrespondent Den Neie Radio (2011)

Voiceover änneren

Reklammen a Lauschterbicher änneren

  • Nei europäesch Anti-Fëmm Campagne Help-eu.com an der lëtzebuergescher Versioun (2010)
  • Starallüren um Krautmaart (Mireille Weiten-de Waha – Marco Weiten) (2010) ISBN 978-2-87963-786-0
  • Publicitéitscampagne Air France an der lëtzebuergescher Versioun (2016)

Musek / Discographie änneren

  • Marima T-Ue – Mamer Musep (Chouer, 1988);
  • Ech wëll nëmmen de Jérôme - Yves Desquiotz & Guy Lepage (LBEN Productions) (2003).

Optrëtter änneren

Kalenner änneren

Personnage an enger Bande dessinée änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Mein Beruf ist mein Hobby: Artikel am Télécran, 24. November 2001
  2. La Voix: Courrier des lecteurs ("Lieserbréiwer"), 21. September 2002
  3. Télécran: "Lücke für Jerômes", 2002
  4. Télécran Nummer 39, 2003
  5. Télécran Nummer 50, 2003
  6. Revue, 17. September 2005
  7. Nightlife Magazine: Mam Monica Semedo am Interview, Mee 2006
  8. Revue: Mister Perfect!, 14. Januar 2006.
  9. Buch « De quoi tu te plains ? vun Éditions Schortgen
  10. Artikel « Pour les gens, quand tu passes à la TV tout va bien » L'essentiel] (12. November 2008)]
  11. Femmes Magazine, décembre 2008
  12. L'ancien présentateur de RTL met son énergie au service d'une bonne cause, la lutte contre le sida via l'opération «2 Mains rouges» (Artikel am Essentiel vum 18. Januar 2011)
  13. Ënnerscheed: Prix Jeune Littérature (ALUC)
  14. https://www.lesanneesrecre.com
  15. Carrière Retrospektiv Replay: Mënschen a Geschichten: Elisabeth Adams a Jérôme Beck