Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Éditions Schortgen ass e lëtzebuergesche Verlag mat Sëtz zu Esch-Uelzecht.

En ass e Famillebetrib, deen 1949 vum Michel Schortgen gegrënnt gouf an zanter 2003 an drëtter Generatioun vum Manuel Schortgen geleet gëtt. E gehéiert zu der Grupp Schortgen Artworks, zu där och eng Konschtgalerie an e Reliures- an Encadrementsatelier gehéiert.[1]

Uganks 2020 hunn d'Editions Schortgen d'Verlagsaktivitéiten vun den Editions Saint-Paul iwwerholl, déi vum Groupe Saint-Paul zougemaach gi waren.[1]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Schortgen Editions übernimmt Buchverlags-Aktivitäten von Saint-Paul Luxembourg S.A." wort.lu, 13.11.2019.