National Basketball Association

National Basketball Association (NBA)
Sportaart Basketball
Grënnungsjoer 1946
éischt Saison 1946/47
Ekippen 30
Land  USA
Kanada
Rekord-Meeschter  Boston Celtics (17 Titel)
aktuelle Meeschter  Cleveland Cavaliers (1 Titel)
aktuell Saison 2013/14
Internetsäit NBA.com

D'National Basketball Association (NBA) ass d'Basketball-Profiliga an Nordamerika a gouf am Joer 1946 gegrënnt. Si gëllt als stäerkst a populäerst Basketball-Liga vun der Welt.

Momentan besteet d'NBA aus 30 Mannschaften, vun deenen eng (d'Toronto Raptors) aus Kanada kënnt. Jeeweils 15 Mannschafte spillen an der Western an an der Eastern Conference, déi erëm a jeeweils dräi Divisions ënnerdeelt sinn. De Saisonsgewënner gëtt no enger regulärer Saison, déi sech aus 82 Spiller zesummesetzt, an de Play-offs ausgespillt, woubäi jeeweils déi aacht bescht Ekippe vu béide Conferences an dräi Ronnen nom Modus Best of Seven openeentreffen. Den amtéierende Meeschter (2014) ass d'Ekipp vun de San Antonio Spurs.

Um Spaweck änneren

Commons: National Basketball Association – Biller, Videoen oder Audiodateien