Intelsat
Intelsat ass eng 1964 gegrënnt Technologieentreprise mat Sëtz zu Lëtzebuerg. Si bitt d'Iwwerdroungskapazitéit fir national an international Kommunikatioun, wéi Sprooch-, Dateniwwerdroung, Internet an Televisiounsiwwerdroung mat geostationäre Kommunikatiounssatellitte géint Bezuelen un. De vollstännegen Numm ass Intelsat General Corporation. Zanter dem Start vum bunnbriechenden Intelsat I goufen déi Satellitte stänneg weiderentwéckelt an an der Iwwerdroungskapazitéit vergréissert. Intelsat-Satellitte senden an den C- a Ku-Bandfrequenzen.
Entreprise Intelsat | |
---|---|
Kategorie | Satellitten - Entreprise |
Dréier | S.A. |
Grënnung | 1964 |
Sëtz | Lëtzebuerg |
Leedung | David McGlade (CEO) |
Mataarbechter | ? |
Ëmsaz | 2,6 Mrd. US-Dollar (2011) |
Branche | Telekommunikatioun |
Websäit | www.intelsat.com |
Geschicht
ännerenIntelsat I war den éischte kommerziellen Noriichtesatellit op enger geostationärer Ëmlafbunn. Hie gouf de 6. Abrëll 1965 op der Spëtz vun enger Delta-D-Rakéit an de Weltraum geschéckt.
De Satellit gouf vun der New York Times Early Bird (Fréiop) gedeeft. Hie gouf vun der US-Noriichtegesellschaft Comsat kaf a Jore méi spéit un déi weltwäit aktiv Noriichtesatellittenorganisatioun Intelsat weider verkaf. Den Early Bird hat vu senger Positioun vun 35.800 km iwwer dem Equator um 28° westleche Längegrad den 2. Mee 1965 d'Televisiounssendung "Premiere im Weltraum" op béid Säite vum Atlantik iwwerdroen.
Den Early Bird konnt 240 Telefonsgespréicher gläichzäiteg oder eng Televisiounssendung iwwerdroen. Ouni Undriff hat hien nëmmen 38 Kilogramm gewien. D'Sendeleeschtung war 40 Watt an d'Liewesdauer 1,5 Joer. Hien hat en Duerchmiesser vun 72 Zentimeter a war 59 Zentimeter laang.
D'Bedreiwerorganisatioun gouf den 20. August 1964 vun eelef Länner als International Telecommunications Satellite Consortium gegrënnt. Mat 80 Memberstaaten am Joer 1973, gouf den Numm op International Telecommunications Satellite Organization (ITSO) geännert. Den 18. Juli 2001 gouf Intelsat no 37 Joer als tëschestaatlech Organisatioun privatiséiert, an den Numm gëtt zanterhier als Intelsat geschriwwen. Am August 2004 gouf d'Entreprise fir 3,1 Milliarden US-Dollar u véier US-amerikanesch a brittesch Private Equity-Firme verkaf: Madison Dearborn Partners, Apax Partners, Permira an Apollo Global Management. Eng Fusioun mat PanAmSat gouf ageleet.
2004 hat Intelsat eng Rei vu Satellitte fir den amerikanesche Maart (Telstar 5, 6, 7, 8 an 13) vun der kanadescher Entreprise Loral Skynet kaf. Déi goufen ënner dem Numm Intelsat Americas an d'Flott agereit.
Am Juni 2007 huet de Finanzinvestor BC Partners 76 Prozent vun der Entreprise kaf. Fënnef Milliarden US-Dollar goufen un Intelsat bezuelt.
Intelsat hat bis Dezember 2010 säi Firmesëtz op Bermuda, duerno gouf hen op Lëtzebuerg verluecht.[1] De gréissten Deel vun de Mataarbechter ass awer zu Washington (USA) stationéiert.
Intelsat Satellittegeneratiounen
ännerenZanter dem Start vun Intelsat-1 gouf d'Leeschtung vun den eenzele Generatioune vun den Intelsat Satellitte stänneg weider entwéckelt. En Iwwerbléck vun der Leeschtungsentwécklung bitt déi follgend Lëscht:
Intelsat | Zuel | Joer | Mass | Gréisst (Duerchmiesser, Héicht) mat Antennen |
Transponder C-Band | Transponder Ku-Band | Primärleeschtung | Drorakéiten |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Intelsat-1 | 1 | 1965 | 68 kg | 0,61m*0,59m | 1 | 0 | 46 W | Delta-D |
Intelsat-2 | 4 | 1966 | 76 kg | 1,42m*0,67m | 2 | 0 | 100 W | Delta-E1 |
Intelsat-3 | 8 | 1968 | 151 kg | 1,42m*1.08m | 2 | 0 | 150 W | Delta-M |
Intelsat-4 | 8 | 1971 | 1414 kg | 2,7m*2,74m | 12 | 0 | 540 W | Atlas Centaur |
Intelsat-4A | 8 | 1975 | 1515 kg | 2,5m*2,74m | 20 | 0 | 540 W | Atlas Centaur |
Intelsat-5 | 9 | 1980 | 1860 kg | 1,8m*2,0m (6,6m*15,9m) |
21 | 4 | 1800 W | Atlas Centaur, Ariane-1 |
Intelsat-5A | 6 | 1985 | c.a. 2000 kg | 2,1m*2,8m (15,9m) |
26 | 6 | 1800 W | Atlas Centaur, Ariane-2 |
Intelsat-6 | 5 | 1989 | 4330 kg | 3,6m*11,8m | 38 | 10 | 2250 W | Ariane-4, Titan-3 |
Intelsat-K | 1 | 1993 | 2836 kg | 2,2m*2,8m (24m) | 0 | 16 | 4850 W | Atlas-2A |
Intelsat-7 | 6 | 1993 | 3695 kg | 26 | 10 | 3,6 kW | Ariane-4, Atlas-2AS | |
Intelsat-7A | 3 | 1995 | 4180 kg | 26 | 14 | 4,8 kW | Ariane-4, Laange Marsch-3B | |
Intelsat-8 | 4 | 1997 | 3245 kg | 38 | 6 | Ariane-4 | ||
Intelsat-8A | 2 | 1998 | 3524 kg | 28 | 3 | Atlas-2AS | ||
Intelsat-9 | 7 | 2001 | 4725 kg | 44 | 12 | 8 kW | Ariane-4, Proton | |
Intelsat-10 | 1 | 2004 | 5575 kg | 45 | 16 | 8 kW | Proton | |
Intelsat-11 | 1 | 2007 | 2500 kg | 16-fir-12 (redundant) | 2 * 12-fir-9 (redundant) | 4,5 kW | Ariane-5 | |
Intelsat-14 | 1 | 2009 | 40 | 22 | Atlas-5 | |||
Intelsat-15 | 1 | 2009 | 2550 kg | 0 | 30 fir 22 (redundant) | 4,6 kW | Zenit |
No Medieberichter vun 2005 gëtt Intelsat fir de Start vun engem Satellit a sengem Betrib am éischte Joer ongeféier 200 Milliounen US-Dollar aus, derbäikommen nach Versécherungskäschten.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Intelsat – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (en) Intelsat-Websäit
- Intelsat-Starte bis Intelsat 10-02 (2004)
- Intelsat (mat Leeschtunge vun den Transponderkanäl bis zu der INTELSAT 5A Generatioun)
Referenzen
änneren- ↑ Intelsat verlegt Firmensitz nach Luxemburg Bessere Rahmenbedingungen im Großherzogtum Archivéiert de(n) 10.05.2010. Gekuckt de(n) 28.02.2013.