D'Ariane 2 ass den zweete Modell aus der Serie vun den Ariane-Rakéiten.

Technik änneren

Den Opbau vun der Ariane 2 ass bal identesch mat deem vun der Ariane 1. Nëmmen de Schub vun den Dreifwierker vun der éischter an zweeter Stuf gouf erhéicht an den Dreifstoff eng hypergolesch Kombinatioun vu Stéckstofftetroxid an UH 25 ëmgestallt. Ausserdeem gouf déi drëtt Stuf verlängert an d'Rakéit krut eng nei Notzlaaschtverkleedung. Doduerch hat sech d'Héicht vun der Rakéit op 49 m vergréissert an d'Startgewiicht op 219 t.

D'Ariane 3 ass identesch mat der Ariane 2, ausser datt se zwéin zousätzlech Feststoffboosteren hat.

D'Notzlaascht, déi vun der Ariane 2 an eng geostationär Bunn konnt bruecht ginn, hat e Gewiicht vun 2175 kg, 325 kg méi wéi d'Ariane 1.

Starten änneren

Et gouf sechs Starte vun der Ariane 2. Den éischte war den 31. Mee 1986 (no Uertszäit nach den 30. Mee), bal zwee Joer nom éischte Fluch vun der Ariane 3. Dee Start war e Feelschlag, déi aner fënnef waren erfollegräich, woubäi de leschten am Joer 1989 war.

D'Ariane 2 ass nëmme mat Satellitte vun der Serie INTELSAT V-A a mat Héichleeschtungstelevisiounssatellitte gestart, déi op der Satellitteplattform Spacebus 300 baséiert hunn.

Hei eng vollstänneg Lëscht vun alle Starten.

Start­zäit­punkt (UTC) Ser.-Nr. Notzlaascht Startplaz Orbit¹ Bemierkung
31. Mee 1986 0:53 Auer V18 Intelsat V-A F 14 (Kommunikatiounssatellit), zirka 2000 kg ELA 1 Ofstuerz Feelstart Drëtt Stuf hat net gezünnt.
21. November 1987 2:19 Auer V20 TV-SAT 1 (Héichleeschtungstelevisiounssatellit), 2077 kg ELA 2 GTO Erfolleg
17. Mee 1988 23:58 Auer V23 Intelsat V-A F 13 (Kommunikatiounssatellit), zirka 2000 kg ELA 1 GTO Erfolleg
28. Oktober 1988 2:17 Auer V26 TDF 1 (Héichleeschtungstelevisiounssatellit), 2130 kg ELA 1 GTO Erfolleg
27. Januar 1989 1:21 Auer V28 Intelsat V-A F 15 (Kommunikatiounssatellit), zirka 2000 kg ELA 1 GTO Erfolleg
2. Abrëll 1989 2:28 Auer V30 Tele-X (Héichleeschtungstelevisiounssatellit), 2140 kg ELA 1 GTO Erfolleg

¹ NET den Zilorbit vun der Notzlaascht, mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der drëtter Stuf ausgesat gouf.

Literatur änneren

  • Martine Castello: La grande aventure d'Ariane. Larousse 1987, ISBN 2-03-518232-8
  • William Huon: Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007, ISBN 978-2-7268-8709-7
  • Jean-Pierre Philippe: Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000, ISBN 2-87636-045-4
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916

Um Spaweck änneren

Commons: Ariane – Biller, Videoen oder Audiodateien