D'Ariane 1 ass den éischte Modell aus der Serie vun den Ariane-Rakéiten. Si entstoung aus der Europa 3 vum feelgeschloenen Europa-Projet. D'Entwécklungskäschte fir d'Ariane 1 louche bei 1,7 Mrd. DM (zirka 860 Mio. €).

Modell vun der Ariane 1 am Musée de l'Air et de l'Espace

Technik änneren

Bei engem Startgewiicht vu bis zu 210 t hat d'Ariane 1 eng Héicht vu 47,4 m an en Duerchmiesser vun 3,8 m. No de Pläng sollt si eng Notzlaaschtkapazitéit vu max. 1,7 t an der GTO erreechen. Et huet sech awer erausgestallt, datt de Spezifeschen Impuls vum HM-7-Dreifwierk vun der drëtter Stuf méi héich war wéi berechent, wouduerch déi tatsächlech Notzlaaschtkapazitéit max. 1,85 t an d'GTO ausgemaach huet.[1] Dobäi konnt d'Ariane 1 ee groussen oder zwéi kleng Satellitten transportéieren.

D'Ariane 1 hat dräi Stufen:

Déi béid Modeller duerno, d'Ariane 3 an d'Ariane 2 waren nëmme wéineg modifizéiert Variante vun der Ariane 1. An och nach d'Ariane 4 gouf deelweis op d'Ariane 1 opgebaut. Eréischt d'Ariane 5 gouf nei entwéckelt.

Déi kleng Zuel vu Starten an déi wéineg Starte vun 1985 un, si bedéngt duerch d'Opkomme vun der méi staarker Ariane 3 am Joer 1984 an der eppes méi staarker Ariane 2 am Joer 1986.

Komplett Startlëscht änneren

All d'Rakéite goufe vun der Startplaz ELA-1 vum europäescher Weltraumgare Kourou a Franséisch-Guyana gestart. Fir d'Ariane 1 gouf d'Startramp vun der Europa 2 Rakéit ëmgebaut. Si gouf och fir de Start vun der Ariane 2 an 3 agesat.

Start­zeit­punkt (UTC) Ser.-Nr. Notzlaascht Orbit¹ Bemierkung
24. Dezember 1979 17:14 Auer L1 CAT (Technologiekapsel) GTO Erfolleg Bemierk.: drëtt Stuf schalt ze fréi of. Ëmlafbunn trotzdeem méi héich wéi geplangt, well déi 3. Stuf méi leeschtungsfäeg war wéi berechent.
23. Mee 1980 14:29 Auer L2 FIREWHEEL, CAT, AMSAT P3A
(Fuerschungssatellit, Technologiekapsel, Amateurfunksatellit)
Virun der Küst ofgestierzt (geplangt: GTO) Feelstart Verbrennungsinstabilitéiten an engem vun de 4 Dreifwierker vun der éischter Stuf féieren zu enger Explosioun kuerz nom Start.
19. Juni 1981 12:32 Auer L3 Meteosat 2, CAT Apple
(Wiedersatellit, Technologiekapsel, experimentellen Noriichtesatellit)
GTO Erfolleg
20. Dezember 1981 01:29 Auer L4 CAT, MARECS A
(Technologiekapsel, Kommunikatiounssatellit fir Schëffer)
GTO Erfolleg
9. September 1982 2:12 Auer L5 MARECS B, Sirio
(Kommunikatiounssatellit fir Schëffer, experimentelle Kommunikatiounssatellit)
Ofstuerz Feelstart Versoe vun der drëtter Stuf
16. Juni 1983 11:59 Auer L6 ECS 1, Amsat P3B
(Kommunikatiounssatellit, Amateurfunksatellit)
GTO Erfolleg
19. Oktober 1983 0:45 Auer L7 Intelsat V-F7
(Kommunikatiounssatellit), 1860 kg
GTO Erfolleg
5. Mäerz 1984 0:50 Auer L8 Intelsat V-F8
(Kommunikatiounssatellit), 1860 kg
GTO Erfolleg
23. Mee 1984 1:33 Auer V9 SPACENET 1
(Kommunikatiounssatellit)
GTO Erfolleg
2. Juli 1985 11:23 Auer V14 Giotto
(Koméitesond zum Koméit Halley), 960 kg
GTO (Vun do duerch eegenen Undriff op Äerdfluchtbunn) Erfolleg; minimal méiglech Notzlaaschtgewiicht an de GTO[2]
22. Februar 1986 1:44 Auer V16 Spot 1, Viking 1
(Äerdobservatiounssatellit, Fuerschungssatellit)
SSO Erfolleg

¹ NET zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht - mä d'Bunn op där d'Notzlaascht vun der drëtter Stuf ausgesat gouf.

² D'Notzlaaschte sinn sou verzeechent wéi si iwwereneen oder (a rare Fäll) nieweneneen an der Notzlaaschtverkleedung ënnerbruecht waren. Déi iewescht Notzlaascht fir d'éischt, dann déi zweetiewescht a.s.w..

Literatur änneren

  • Martine Castello: La grande aventure d'Ariane. Larousse 1987, ISBN 2-03-518232-8.
  • William Huon: Ariane, une épopée européenne. ETAI 2007, ISBN 978-2-7268-8709-7.
  • Jean-Pierre Philippe: Ariane, horizon 2000. Taillandier, Paris 2000, ISBN 2-87636-045-4.
  • Bernd Leitenberger: Europäische Trägerraketen Band 1. Von der Diamant zur Ariane 4 - Europas steiniger Weg in den Orbit Books on Demand, Norderstedt 2009, ISBN 3837095916.

Um Spaweck änneren

Commons: Ariane – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Die Oberstufen H-8, H-10 und ESC-A
  2. Nigel Calder: Jenseits von Halley. Die Erforschung von Schweifsternen durch die Raumsonden Giotto und Rosetta (Originaltitel: Giotto to the Comets). Springer, Berlin, Heidelberg und New York 1994, ISBN 3-540-57585-5