Inspection générale de la police
D' Inspection générale de la police ass e lëtzebuergescht Kontrollorgan vun der Police grand-ducale.
Si ënnersteet direkt dem Minister fir Bannenzeg Sécherheet an, wat hiert Fonctionéiere betrëfft, dem Justizminister an dem Procureur général d'État, souwéi anere Geriichtsinstanzen, an ass deemno onofhängeg vun der Police selwer.
D'Inspection générale de la police gouf 2000 gegrënnt[1], als Suite vun der Fusioun vun der Police an der Gendarmerie zu der Police grand-ducale.[2]
Allgemeng ass hir Missioun, Plaintë vu Bierger nozegoen, déi de Comportement vu Policememebere betreffen, ob déi sech rechtlech an deontologesch korrekt bei hirer Aarbecht beholl hunn.
Si kann ausserdeem, op Demande vum Parquet oder vun engem Untersuchgsriichter, eng Enquête judiciare féieren, am Fall wou e Verdacht besteet, datt een oder méi Membere vun der Police sech kéinte strofbar gemaach hunn.
Hir Aufgabe sinn an engem Gesetz vum 18. Juni 2018[3] definéiert.
Um Spaweck
änneren- igp.gouvernement.lu, de Site vun der IGP.
Referenzen
änneren- ↑ Gesetz vum 31. Mee 1999.
- ↑ "Historique" op igp.gouvernement.lu.
- ↑ Loi du 18 juillet 2018 sur l'Inspection générale de la police op legilux.lu