Den IC 1318, oder γ-Cygni-Niwwel (Gamma-Cygni-Niwwel) oder Päiperleksniwwel genannt, ass en Emissiounsniwwel an och en H-II-Gebitt am Stärebild Cygnus. Den Niwwel ass zirka 4 900 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech an huet eng Gréisst vun 100 Liichtjoer. Am Zentrum vum Niwwel läit de Stär Sadr, mat enger Distanz vu 1 500 Liichtjoer. Den IC 1318 gëtt an dräi Deeler, den IC 1318 A, den IC 1318 B an den IC 1318 C agedeelt, déi sech och vuneneen ënnerscheeden. Den IC 1318 B an den IC 1318 C gi vum 20 Liichtjoer breeden Donkelniwwel LDN 889 getrennt.

Date vum IC 1318
D'Ëmgéigend vum IC 1318 (den Norden ass lénks, den Osten uewen); am Bildzentrum de Gamma Cygni, lénks ënnen de séchelfërmegen Emissiounsniwwel NGC 6888.
Stärebild Cygnus (Cyg)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 20h 22m 16,3s
Deklinatioun + 40° 15′ 14″
Ausgesinn
Hubble-Typ
Visuell Magnitude ?
Wénkelduerchmiesser 240'

Um Spaweck

änneren
Commons: IC 1318 – Biller, Videoen oder Audiodateien