Hueweler Halt

Lieu-dit an der Gemeng Biekerech
(Virugeleet vu(n) Huewelerhalt)
Dëse Geographiesartikel iwwer Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Hueweler Halt ass e Lieu-dit an der Gemeng Biekerech.

Hueweler Halt
D'Hueweler Halt
An anere Sproochen fr: Hovelange-Halte
Land Lëtzebuerg
Kanton Réiden
Gemeng Biekerech
Buergermeeschter Thierry Lagoda
Koordinaten 49° 43’ 30.1’’ N
      05° 54’ 00’’ O
Plack um Gebai vun der fréierer "Halt"

Se läit op enger Héicht vun 301 Meter um CR301 op der Hallschent tëscht dem leschten Haus vu Biekerech, der fréierer Waxweileschschmillen, an den éischten Haiser vun Huewel op der Plaz wou d'Atertlinn iwwer d'Strooss féiert. Den Numm krut se wéinst der Halt op där Linn tëscht der Näerdener Gare an der Äischener Gare eng ronn 2,3 km vum Nordkapp vum Habschter Tunnel ewech.

Nei Haiser déi an de leschten zwanzeg Joer opgeriicht goufen, hunn déi eidel Gewan laanscht Strooss tëscht der Halt an Huewel opgefëllt. Fréier stoungen do nëmme 5 Gebaier, dovun d'Eisebunnsstatioun, zwou Wiertschaften, 1 Privathaus, an de Schneideratelier Klopp.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Keiser Fernand, D'Halte vun Huewel am Laf vun de Joren, 2006