Hubble Extreme Deep Field

Den Hubble Extreme Deep Field (XDF) ass e Bild vun enger klenger südlecher Himmelsregioun, dat entstong, andeems Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop aus engem Deel vum Zentrum vum Hubble Ultra Deep Field (HUDF) iwwer en Zäitraum vun zéng Joer zesummegesat goufen. Et faasst Fotoe vun am Ganzen 50 Deeg an enger Gesamtbeliichtungszäit vun zwou Millioune Sekonnen (zirka 23 Deeg). D'Bild entstoung aus 2000 Eenzelbeliichtunge, déi vum Hubble „Advanced Camera for Surveys“ (ACS) an der „Wide Field Camera 3“ opgeholl goufen. Et gouf de 25. September 2012 publizéiert an huet den HUDF (bis dohin déifste Bild vum Universum, dat jeemools am Beräich vum visuelle Liicht opgeholl gouf, ofgeléist. Den XDF huet mat ronn 5.500 Galaxien eppes méi wéi d'Hallschent vu Galaxië wéi den HUDF, bei engem däitlech manner groussem Ausschnëtt. D'Liichtlafzäit vun e puer Galaxien um Bild dauert bis op d'Äerd 13,2 Milliarde Joer, déi jéngst Galaxien um Bild sinn an engem Stadium vun nëmme 450 Milliounen Joer nom Urknall.

Hubble Extreme Deep Field
Gréisst vum Hubble Extreme Deep Field (an der Bildmëtt) an engem Feld am Verglach zum (akopéierte) Vollmound

Den Hubble Extreme Deep Field steet an der Traditioun vum Hubble Deep Field, vum Hubble Deep Field South an dem Hubble Ultra Deep Field.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Hubble eXtreme Deep Field – Biller, Videoen oder Audiodateien

[1]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Hubble's Deepest View of Universe Unveils Never-Before-Seen Galaxies, NASA, 12. August 2009