Houdemont, op Wallounesch Hoûlmont ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Habay, an der Provënz Lëtzebuerg.

Houdemont
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Virton
Gemeng Habay
Koordinaten 49° 43’ 07’’ N
      05° 35’ 03’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6724

Geschicht änneren

Houdemont gëtt ëm 1260 als Houdremont ernimmt. D'Uertschaft huet bis an d'17. Joerhonnert zu der Herrschaft vu Villers-sur-Semois gehéiert. Se louch duerno op Terrainen déi den Häre vu Chiny an deene vu Lëtzebuerg gehéiert hunn a war spéider an de Vogteie vun Étalle a Bologne. Duerno gouf d'Uertschaft gespléckt an déi Deeler déi zu Étalle gehéiert hunn koumen an d'Gemeng Mortinsart, an den Deel deen zu Lëtzebuerg gehéiert huet gouf eng eegestänneg Gemeng.

Bei der franséischer Revolutioun goufen nei Gemenge forméiert, an Houdemont a Mortinsart hunn erëm eng Gemeng gebilt. 1823 koum Houdemont an d'Gemeng Rulles a Mortinsart gouf bei Villers-sur-Semois geprafft.

De 15. Mäerz 1876 gouf Houdemont erëm eng eegestänneg Gemeng an ass dat bis zur belscher Gemengereform vun 1977 bliwwen, a gehéiert vun do un zur Gemeng Habay.[1]

Uertschaften an der fréierer Gemeng waren: Basses-Voies, Chaumont, Colignette, Debochi, Hornibu, Maron, Nodjuhan, Ropré-Sart a Volette.

De 24. August 1914 hat dat 23. Infantrieregiment vun der däitscher keeserlecher Arméi 11 Zivilisten ëmbruecht, an 68 Haiser zerstéiert.

Referenzen änneren

  1. Dictionnaire des noms de lieux en Wallonie et à Bruxelles