De Kerberos (och Zerberus) war de Wiechter vun der Ënnerwelt, dem Hades, Jong vum Typhon an Echidna. Als Ongeheier mat dräi Käpp a Gestalt vun engem Hond mat Schlaangen op Kapp, Akaul a Réck huet hien den Agank an den Hades bewaacht. Hien huet zwar jiddwereen eragelooss, mä kee méi eraus.

Nëmmen zweemol ass hie bezwonge ginn: eng Kéier duerch de Gesank vum Orpheus an déi aner Kéier vum Herakles, deen hie meeschter gi war an en du mat bei den Eurystheus geholl huet an e spéider erë zeréckbruecht huet.

Analogie änneren

  • De Garm aus der nordescher Mythologie.

Kuckt och änneren

  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Cerberus – Biller, Videoen oder Audiodateien