Kentauren (Mythologie)

(Virugeleet vu(n) Kentaur)

D'Kentaure si Fabelwiesen déi besonnesch aus Thessalien kommen, an hallef Mënsch an hallef Päerd sinn. D'Bedeitung vum Numm ass net gekläert, mä se gëtt schonn an der Antiquitéit op de Kentauros, e Jong vum Ixion zeréckgefouert.

Skulptur vun engem Kentaur virun der Gare zu Fürth

Deels ware se frëndlech a vu grousser Bildung wéi de Cheiron oder de Pholos, deels wëll an onbeherrscht wéi den Eurytion.

Et gëtt spekuléiert datt d'Virstellung vun de Kentauren op eng Bevëlkerung zeréckgeet, déi an hirem éischte Kontakt mat ongewinnte Vëlker déi op Päerd geridde sinn de Reider an d'Päerd als eent ugesinn hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Kentauren – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.