Henri-Alexandre Deslandres

Den Henri-Alexandre Deslandres, gebuer de 24. Juli 1853 zu Paräis, gestuerwen de 15. Januar 1948 zu Paräis war e franséischen Astronom an Direkter vum Observatoire vu Meudon a vun deem vu Paräis.

Henri-Alexandre Deslandres
Gebuer 24. Juli 1853
Paräis
Gestuerwen 15. Januar 1948
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École polytechnique,
Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Astronom, Physiker, Esperantist, Astrophysiker
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Wëssenschaftsakademie vun der URSS, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, International Astronomesch Unioun, Accademia Nazionale delle Scienze, National Academy of Sciences, Société astronomique de France, Bureau des Longitudes
Observatoire vu Meudon

Liewen a Wierk änneren

Den Deslandres koum no senger Ausbildung op der École polytechnique 1874 an d'Arméi. Do huet hie sech ëmmer méi fir d'Physik begeeschtert. 1881 huet hien d'Arméi verlooss, fir beim Alfred Cornu an der École polytechnique spektroskopesch Ënnersich ze maachen. Am Joer 1888 krut hien den Doktertitel op der Universitéit Sorbonne. Seng Resultater iwwer déi numeresch Termen an de Spektrallinnen (parallel mam Balmer) hunn zu der Entwécklung vun der Quantemechanik Ufanks vum 20. Joerhonnert gefouert.

1889 gouf den Deslandres op den Observatoire vu Meudon geruff, fir déi net méi zäitgeméiss Methoden ze verbesseren, déi sech op geometresch a mechanesch Aspekter konzentréiert hunn, awer keng physikalesch Ënnersich gemaach hunn. Do huet den Deslandres (parallel zum George Ellery Hale) 1894 de Spektroheliograph entwéckelt. 1907 gouf hien Direkter vum Observatoire vu Meudon an huet e Programm fir d'Vergréisserung vun de wëssenschaftleche Kapazitéiten opgestallt. Ënner sengem Direktorat vum Paräisser Observatoire huet den Observatoire vu Paräis 1926 mam Observatoire vu Meudon fusionéiert.

Ufanks vum Éischte Weltkrich - hie war schonn a senge 60er – huet hie sech bei d'Arméi zeréckgemellt an ass eréischt 1918 op seng Plaz zu Meudon zeréckkomm.

Den Deslandres ass bis zu sengem Doud mat der Fuerschung verbonne bliwwen. Säi Frënd Raymond Michard huet gesot, datt den Deslandres a sengem Banneschten, an a sengem Charakter a Liewensstil méi wéi en Zaldot, amplaz wéi e Wëssenschaftler gehandelt huet.

Éierungen änneren

Zu sengen Éiere gouf e Moundkrater op säin Numm gedeeft.