Deslandres (Moundkrater)
Moundkrater
Den Deslandres ass en Aschlagkrater am Süde vun der viischter Moundsäit um südleche Rand vum Mare Nubium, ëstlech vum Krater Pitatus an nordwestlech vum Krater Walter.
De Moundkrater Deslandres (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 32°33'0"S, 5°34'12"W |
---|---|
Duerchmiesser | 227,02 km |
Déift | 1580 m[1] |
Selenographesch Längt | 5° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Henri-Alexandre Deslandres |
Genannt am Joer | 1948 |
Moundvéiereck | LQ26 |
Et ass e Rankbierg mat engem Duerchmiesser vun iwwer 200 Kilometer, deen trotzdeem wéinst der staarker Erosioun net extra opfälleg ass.
An sengem Zentrum leien d'Krateren Hell a Lexell.
De Krater krut 1948 vun der I.A.U. den Numm vum franséischen Astronom Henri-Alexandre Deslandres zougesprach.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Deslandres op The-Moon Wiki
- De Krater Deslandres läit uewen an der Mëtt
Referenzen
änneren- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.