Hee ass Gras dat geméint a gedréchent ass. Hee gouf fréier an onse Géigenden am Lassenen an enger Scheier meeschtens iwwer de Ställ um Heeknapp, wuer et mam Heebléiser geblose gouf, stockéiert. Haut gëtt et a Botten oder Ronnbotten, zesummegebonnen an an Halen oder dobaussen a Plastik agewéckelt, stockéiert.

En Heekaascht a Rumänien

Hee gëtt haaptsächlech als Fudder fir Notz- an Hausdéiere wéi Ranner, Päerd oder Schof benotzt. Si kréien Hee ze friesse wann net genuch Gras op der Weed wiisst oder déi net grouss genuch ass. Besonnesch am Wanter verfidderen d'Baueren Hee, wann och de Silage d'Tendenz huet sech ëmmer méi duerchzesetzen.

Am Géigesaz zum Hee gëtt d'Stréi meeschtendeels net als Fuddermëttel benotzt.