Haupeschkierch zu Péiteng

D'Haupeschkierch zu Péiteng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kordall Sainte-Barbe am Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Péiteng gehéiert.

Kierch vu Péiteng
Parkierch vun der Par Kordall Sainte-Barbe

Parkierch vun der Par Kordall Sainte-Barbe
Parkierch vun der Par Kordall Sainte-Barbe
Uertschaft / Plaz Péiteng
Par Kordall Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Konsekratioun (1870) 1921
Architekt(en) A. Hartmann
Baujoer 1869
Koordinaten 49° 33’ 27.8’’ N
      05° 52’ 33.1’’ O
Kierchen - Kapellen
Plaffong an der Péitenger Kierch
Den Agank an d'Péitenger Kierch

De Patréiner ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.

D'Kierch steet zentral an der Uertschaft op der Kräizung vun der rue des Écoles mat der rue de l'Église, der N5B.

Geschicht änneren

  • Zanter 1140 gouf et eng Kapell zu Péiteng. Si stoung um ënneschten Enn vum ale Kierfecht, vis-à-vis vum Haus Otto.
  • 1808 gouf Péiteng eng eege Par.
  • 1865 goufe vum Distriktsingenieur Antoine Hartmann d'Pläng fir eng nei Parkierch am historistesche Stil entworf.
  • Den 13. Mäerz 1866 goufen d'Aarbechten un déi bëllegst Submittenten, Jacques Bodson, Bauer zu Nidderkuer, a Jos. Logelin, Steemetzermeeschter zu Déifferdeng, verginn.
  • 1869 war déi nei Kierch fäerdeg a konnt 1870 ageseent (awer net konsekréiert) ginn. Deemools hunn 348 Leit an deene 74 Haiser zu Péiteng gewunnt.
  • 1884 gouf den Altor geliwwert, eng Aarbecht vum Schräiner J. Peters.
  • 1887 gouf den Duxall opgeriicht.
  • 1890 sinn de Sakristeischaf an déi zwéi Säitenaltär ugeschaaft ginn.
  • De Priedegtstull gouf 1900 vum Konschtschräiner Schmit vu Rolleng ubruecht.
  • 1902 krut d'Kierch 3 nei Klacken.
  • 1915 huet de Gemengerot beschloss d'Kierch ze vergréisseren. D'Architekte Jean-Pierre Koenig aus der Stad Lëtzebuerg a Célestin Depollo vu Péiteng goufen engagéiert.
  • 1916: Den Entreprener Podesta huet de Chouer ofgerappt. De 7. Mee gouf de Grondstee vum Neibau geluecht a vum Dechen Pierre Nommesch vu Beetebuerg geseent.
  • 1917 konnt den Neibau ofgeschloss ginn.
  • De 25. Juni 1921 ass d'Kierch eréischt konsekréiert ginn.
  • 1959 krut d'Kierch en neien Ustrach vum Banneraum.
  • 1967 gouf den Duxall vu 60 op 90 Quadratmeter vergréissert.
  • 1971 bis 1975: Grouss Restauratioun vun der Kierch mat Upassung un d'Exigenze vun der Liturgiereform, no de Pläng vum Armand Welter.
  • 28. September 1975: Konsekratioun vum neien Altor duerch de Bëschof Jean Hengen.
  • 1989: Neien Ustrach vum Banneraum.
  • 2010: Neien Ustrach vum Banneraum a Renovatioun vun der Uergel.

Klacken änneren

Am Tuerm vun der Péitenger Kierch hänke 4 Klacken, déi an den Téin d', f', g', a b' lauden. Remarkabel ass hei datt den Tounofstand tëscht de Klacken f' a g' verengt ass, sou datt se wéi en Halleftoun kléngen.

Kuckeswäert änneren

Den Altor, dee vum Sculpteur Moritz Ney, engem Péitenger Jong, aus Stee geha ginn ass.

Paschtéier vu Péiteng änneren

  • - 1808: Nikolaus Frantzen vun Izeg
  • 1808 - 1827: Heinrich Moes vu Keespelt
  • 1827 - 1835: Dominik Burg vun Äischen
  • 1835 - 1844: Friedrich Ferdinand Lauff aus dem Stadgronn
  • 1844 - 1857: Johann Franz Wener vun Houfelt
  • 1857 - 1873: Nikolaus Pierrard vu Biekerech
  • 1873 - 1877: Johann Ferber vun Habscht
  • 1877 - 1898: Johann Schiltges vu Kierchen
  • 1898 - 1920: Michel Nothumb vun Useldeng
  • 1920 - 1933: Félix Gushurst aus der Stad
  • 1933 - 1949: Johann Hoffmann vun Eech
  • 1949 - 1969: Emil Felten vu Rëmerschen
  • 1969 - 1973: Arthur Reckinger vu Reisduerf
  • 1973 - 1997: Camille Eischen vu Bëschrued
  • 1997 - 2007: Marcel Braun vu Schëffleng
  • 2007 -: Jeannot Gillen vun Esch-Uelzecht

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Haupeschkierch zu Péiteng – Biller, Videoen oder Audiodateien