Hamilius: Hip Hop Culture in Luxembourg

lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Alain Tshinza

Hamilius: Hip Hop Culture in Luxembourg ass e lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Alain Tshinza aus dem Joer 2010.

Hamilius: Hip Hop Culture in Luxembourg
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 19. Mäerz 2010
Dauer 93 min
Faarf Faarweg
Originalsprooch Franséisch,
Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Alain Tshinza
Dréibuch Alain Tshinza
Fotografie Alex Aach,
Ricardo Besantini
Amandine Klee,
Philippe Lussagnet
Carlo Thiel
Produzent Raoul Nadalet
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

En hat am Mäerz 2010 Première.

Ëm wat geet et am Film? änneren

Hamilius ass, wéi den Ënnertitel et noleet, en Documentaire iwwer d'Hip-Hop-Kultur zu Lëtzebuerg. Gewisen an interviewt gi Kënschtler aus 3 Joerzéngten, vun den 1980er Jore bis 2010, déi a 4 Konschtdisziplinnen aktiv sinn, resp. waren: Danz, Graffiti, Rap an DJing.

Eng zentral Plaz am Film ass den ënnerierdesche Passage ënner der Bus-Gare op der Emile-Hamilius-Plaz an der Stad Lëtzebuerg, deen et zënter dem Bauprojet Royal-Hamilius net méi gëtt.

Zu de Kënschtler, déi interviewt goufen, zielen den DJ Mike MC, den DJ Kwistax, De Läb, den Dul, de Sumo, den CHI an Z-Town Massiv.

Wat sot d'Press? änneren

De Fränk Muno an Tom Schmit schreiwen am Forum:[1]

Et kann een also behaapten, dass den Alain Tshinza e ganz intressanten a flotte Réckbléck op dräi „Hip-Hop-Generatioune“ fäerdeg bréngt, währenddeem ee sech deemnowéi och selwer u seng Jugend erënnere kann. Fir vill Jonker vun onser Generatioun war an ass den „Hamilius“ de „lieu de rencontres“ vun der Schoulzäit. [...] Och wann déi meescht Personnagen am Film nëmmen iwwer-flächlech behandelt goufen, sou gläichen déi phaseweis ästhetesch ganz flott Biller sou wéi déi dozou passend Musek dëst nees aus. Alles an allem, kann een awer vun engem ganz in-tressanten Zäitdokument schwätzen, dat en Deel vun der rezenter Lëtzebuerger Geschicht behandelt mat all senger kultureller Villfalt.

De Luc Caregari vu Woxx mengt:[2]

Avec « Hamilius », Alain Tshinza réalise un double exploit : d'abord parce qu'il se montre en parfait chroniqueur de la scène hip hop au Luxembourg en s'adonnant à un travail de mémoire important. Autre point fort du film : il n'est pas réservé aux inconditionnels du genre. Mais surtout, il donne enfin un visage à la société multiculturelle qu'est notre pays et c'est cela son plus grand mérite.

Den Thierry Besseling schreift fir d'Lëtzebuerger Land:[3]

Si la technique de l'interview est efficace pour construire un récit, elle ne nous renseigne en rien sur la vérité intrinsèque du quotidien des personnages qui sont souvent réduits au rôle de figurants [...]. Le même film aurait pu être tourné en Belgique, en France où en Allemagne et en cela il se rapproche malheureusement plus d'un produit télévisuel que d'une œuvre cinématographique à part entière.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. amilius – Hip Hop culture in Luxembourg vum Fränk Muno an Tom Schmit am Forum Nr. 314, Januar 2012, S. 49-50
  2. woxx.lu: ALAIN TSHINZA: Yo, Luxembourg Raps ! vum Luc Caregari (25. Mäerz 2010)
  3. land.lu: Coup de projecteur sur le flow vum Thierry Besseling (25. Mäerz 2010)