Jonas Lippmann
Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Jonas Lippmann, gebuer den 12. Juli 1770 zu Binswangen[1] am Landkrees Heilbronn a gestuerwen den 1. September 1841 zu Bouneweg[1], war e franséischen Entreprener a Pionéier vun der Lëtzebuerger Händschenindustrie.
Jonas Lippmann | |
---|---|
Gebuer |
12. Juli 1770 Erlenbach |
Gestuerwen |
1. September 1841 Bouneweg |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Industriellen |
Famill | |
Kanner | Léon Lippmann, Isaï Lippmann |
Hie koum 1807 mat senger Famill op Lëtzebuerg, wou hien an der Stad als Schoulmeeschter an Heebräesch agedroe war.
1821 huet hien eng Händschefabrick an der Philippsgaass opgemaach, wou hie Liederhändschen nom Paräisser a Grenobler Muster fabrizéiert huet. Ëm 1825 huet hie seng Produktioun an dat aalt Klouschter an de Pafendall verluecht , dat selwecht Gebai, wou och d'Bridder Guetschlik a Samson Godchaux hir Wiewerei exploitéiert hunn.
De Jonas Lippmann hat vill Succès mat sengen Händschen. Hien huet 1825 op der Ausstellung vun Haarlem eng Sëlwermedail an eng Medail éischter Klass op der Internationaler Ausstellung zu Paräis kritt.
Hien hat zwéi Jongen:
- Den Isaï Lippmann (1804, Ennery bei Metz - 18xx) huet dem Papp seng Affär virugeféiert an d'Atelieren op Bouneweg verluecht. Do ass och dem Isaï säi Fils, de Gabriel Lippmann, gebuer, de spéidere Nobelpräisdréier an der Physik.
- De Léon Lippmann (1808-1883), deen 1858 zu Amsterdam d'Bank Lippmann, Rosenthal & Cie gegrënnt huet.
De Jonas Lippman war ee vun den industrielle Pionéier, déi d'Industrie zu Lëtzebuerg héich bruecht hunn.
No sengem Doud huet seng Famill 1848 hire Wunnsëtz op Paräis verluecht[2].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenManufacture de gants Lippmann op industrie.lu
Referenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 (en)Jonas Lippmann (1770-1841) | WikiTree FREE Family Tree. www.wikitree.com. Gekuckt de(n) 13.05.2021.
- ↑ (de)Evy Friedrich, Paul Ruppert, Bona Via, Bonus Vicus: Bonneweg und seine Geschichte. ons stad (1984). Gekuckt de(n) 13.05.2021.