Gabriel Lippmann
De Jonas Ferdinand Gabriel Lippmann, gebuer de 16. August[1] 1845 zu Bouneweg[2] (deemools Gemeng Hollerech, zanter 1920 Stad Lëtzebuerg), a gestuerwen den 13. Juli 1921 am Atlantik,[3] um Passagéierschëff France, op enger Réckrees vu Kanada no Frankräich, war e franséische Physiker an Erfinder. Hie krut 1908 den Nobelpräis an der Physik.
Gabriel Lippmann | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
16. August 1845 Bouneweg |
Gestuerwen |
13. Juli 1921 Atlanteschen Ozean |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
École normale supérieure, Lycée Henri IV, Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Physiker, Erfinder, Fotograf, Professer |
Member vun | Royal Society, Académie des sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino, Société astronomique de France |
![]() |


Mat 3 Joer ass de klenge Gabriel mat senger Famill vu Lëtzebuerg op Paräis geplënnert, wou hien an de Lycée Henri-IV an duerno op d'École normale supérieure gaangen ass. De Studium do huet en awer net ofgeschloss. Wat hien intresséiert huet, war d'Physik. Hie goung op Heidelberg an de Physikslaboratoire Kuhne und Kirchhoff schaffen, duerno op Berlin bei den Hermann von Helmholtz.
1876 huet en zu Paräis seng Doktoratsthes an den Annales de chimie et de physique publizéiert ënner dem Titel Relations entre les phénomènes électriques et capillaires. Si huet därmoossen Androck gemaach, datt hie vum Erzéiungsminister Duruy 1883 als Professer fir Mathematik op d'Sorbonne beruff gouf. 1886 war hie Professer fir experimentell Physik.
1886 gouf de Gabriel Lippmann an déi franséisch Académie des sciences opgeholl, 1896 an d'Londoner Royal Society an am Joer 1900 an d'Berliner Akademie der Wissenschaften.[4]
Nobelpräis Änneren
Besonnesch innovativ Fuerschung huet hien am Beräich Fotografie gemaach, wou en e Procedé entwéckelt huet, deen et méiglech gemaach huet, fir mat der Interferenz vun de Liichtwelle faarweg Fotoen ze maachen. Heifir krut hien den 10. Dezember 1908 den Nobelpräis an der Physik.
Éierungen Änneren
De G. Lippmann war 1907 Éieremember vun der Section des sciences vum Institut grand-ducal ginn.[5] Hie war och Éieremember, zanter 1892, vun der Société de photographie de Luxembourg.[6]
Gielercher Änneren
- Grand officier vun der Légion d'honneur (Promotioun 1919)[7]
No him benannt Änneren
Zu Lëtzebuerg:
- d'Rue Gabriel-Lippmann (L-1943) zu Bouneweg, déi d'Verbindung mécht tëscht der Carignan-Strooss an der Auguste-Charles-Strooss. D'Strooss, déi am Volleksmond "Juddegaass", offiziell awer "Rue de la Montagne" (Bergstraße) geheescht huet, krut den Numm vum Lippmann an der Sitzung vum Stater Gemengerot vum 16. Mee 1925; am Krich hunn d'Nazien aus der Gabriel-Lippmann-Strooss d'"Eifelerstraße" gemaach.[8]
- d'Rue Gabriel-Lippmann zu Nidderaanwen (L-6947)
- de Centre de recherche public Gabriel-Lippmann: den 31. Mee 1999 ass de Centre de recherche public - Centre universitaire, deen am Juli 1987 gegrënnt gi war, nom Gabriel Lippmann ëmgenannt ginn.
De Fotograf Gabriel Lippmann Änneren
-
Autoportrait
-
Nature morte, 1891-1899
-
Parrot, 1891
-
Saint-Maxime, 1891-1899
-
Paris, 1891-1899
Literatur Änneren
- Laurent Moyse, Du rejet à l'intégration - Histoire des juifs du Luxembourg des origines à nos jours ; Lëtzebuerg (St-Paulus-Verlag), 2011; 288 Säiten. Vgl. besonnësch d'Säiten 58 a 66!
- Bintz, Jacques (1997): Gabriel Lippmann, 1845-1921. In: J.P. Pier & J.A. Massard (éds): Gabriel Lippmann: Commémoration par la section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg du 150e anniversaire du savant né au Luxembourg, lauréat du prix Nobel en 1908. Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg en collaboration avec le Séminaire de mathématique et le Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine du centre universitaire de Luxembourg: 5-9.
- Grégorius, René (1984): Gabriel Lippmann. Notice biographique. In: Inauguration d'une plaque à la mémoire de Gabriel Lippmann par le Centre culturel et d'éducation populaire de Bonnevoie et la Section des sciences de l'Institut grand-ducal. Bonnevoie, le 13 avril 1984: 8-20.
- Lebon, Ernest (1911): Gabriel Lippmann: biographie, bibliographie analytique des écrits. Paris, Gauthiers-Villars, 70 S.
- Massard, Jos. A. (1997): Gabriel Lippmann et le Luxembourg. In J.P. Pier & J.A. Massard (éds): Gabriel Lippmann: Commémoration par la section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg du 150e anniversaire du savant né au Luxembourg, lauréat du prix Nobel en 1908. Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg en collaboration avec le Séminaire de mathématique et le Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine du centre universitaire de Luxembourg: 81-111 (mat ausféierlecher Bibliographie).
- Pier, Jean-Paul & Massard, Jos. A. (éds) (1997):Gabriel Lippmann: Commémoration par la section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg du 150e anniversaire du savant né au Luxembourg, lauréat du prix Nobel en 1908. Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques de l'Institut grand-ducal de Luxembourg en collaboration avec le Séminaire de mathématique et le Séminaire d'histoire des sciences et de la médecine du centre universitaire de Luxembourg, 139 p.
- Wagener, Renée (2016): "Gabriel Lippmann, ein moderner Wissenschaftler." ons stad Nr.113 (2016), S.38-40.
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Commons: Gabriel Lippmann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- De Nobelpräis-Site (amplaz "born in Hollerich", lies "born in Bonnevoie")
Referenzen Änneren
- ↑ Grégorius 1984, Massard 1997, S. 81s (de 17. August ass d'Kand op der Gemeng ugemellt ginn).
- ↑ Grégorius 1984, Massard 1997, S. 82.
- ↑ Gabriel Lippman, Scientist, Dies at Sea. The New York Times,14 July 1921.
- ↑ Lebon 1911, S. 18.
- ↑ Massard 1997, S. 88.
- ↑ Lebon 1911, S. 19.
- ↑ Recherche - Base de données Léonore. www.leonore.archives-nationales.culture.gouv.fr. Gekuckt de(n) 2023-06-22.
- ↑ Massard 1987, S. 97.