Groesteen (Gréiwemaacher)

Dolmen an der Gemeng Gréiwemaacher
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Groesteen, engem Dolmen an der Gemeng Gréiwemaacher. Fir aner Bedeitunge, kuckt wgl. Groesteen (Homonymie).

De Groesteen ass en zolitte Fielsblock am Flouer mam selwechten Numm, an der Gemeng Gréiwemaacher.

Groesteen
Typ Dolmen,
Altor
Land Lëtzebuerg
Gemeng Gréiwemaacher
Koordinaten 49°41'52,69"N, 6°25'47,17"O

Geographie änneren

De Groestee läit op enger Héicht vun 290 m, um nërdlechste Wupp vun der Gemeng Gréiwemaacher, um Bord vun der Gemeng Manternach. Vum CR137 dee vu Mënjecker op Manternach leeft, geet e knappse Kilometer aus Mënjecker eraus e Gemengewee no lénks fort. No honnert Meter op deem Wee, südlech vum CR läit de Groesteen op enger Knupp, ëmgi vun dräi Lannen an enger Eech.

An der direkter Ëmgéigend vum Groesteen ass de fréiere Kiem tëscht Reims an Tréier laanscht gelaf vun deem och deemools schonn e Verbindungswee a Richtung Gréiwemaacher - Manternach - Altréier fortgoung.

Geschicht änneren

Et ass net eendeiteg kloer wat de Groesteen ass, ma déi heefegst Erklärung ass, datt et sech ëm en Dolmen aus der Zäit ëm d'35. bis 20. Joerhonnert v. Chr. handelt, vun deem awer just nach den „Decksteen” iwwreg ass. En hätt awer och de Kelten als „Affersteen“ gedéngt.

De Steen ass ongeféier 3 m laang, 2 m breet a 50 cm déck.

Seechen änneren

Et gi sech eng Rei Seeërcher iwwer de Groesteen erzielt. Ë. a. soll den Däiwel de Steen aus Roserei dohinner gepucht an drop gedanzt hunn; seng Foussofdréck wieren haut nach ze gesinn.

Enger aner So no, wier a Schatz ënner dem Stee vergruewen. „Franséisch Veteranen” hunn de Stee gesprengt, ouni awer e Schatz ze fannen. De Steen dee bei der Sprengung an e puer Deeler gebrach war, gëtt zanterhier mat engem metalle Band zesummegehalen.

Trivia änneren

De Pierre Olinger huet 1934 a senger fiktiver Erzielung eng Zeen vun engem Brandaffer um Groestee beschriwwen[1][2]:

Mit erhabener Würde tritt Velleda, die greise Drude, in den Kreis. Sie trägt ein schneeweißes Linnengewand (…) und in der rechten Hand hält sie ein langes, spitz geschliffenes Dolchmesser.

Zum Frühlingsopfer versammeln sich Wodans treue Diener am Opfersteine (…) der freie Bauer Baldrim von Munsaker, der an leichtem Stricke das Opfertier herbeiführt, ein prächtiges, weißes Fohlen in jugendlicher Frische.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Joseph Colbach, Rob Kieffer, 2020, „Luxemburg : eine Zeitreise”, Luxembourg : Ernster éd., ISBN 978-2-919944-80-4, S. 20-21
  • Alex Haag, Gilles Irthum, Willy de Jong, Robert Mehlen, François Merten, Georges Oswald, Edmond Thiel, Lucien Thiel, Christian Weis, 2009, „Manternach in die Karten geschaut... Das historische Straßennetz”. In: Corps des sapeurs-pompiers de Manternach-Münschecker Kantonaldag 2009 & Joerhonnertfeier 1909 - 2009, Imprimerie Jean Hoeser, Howald, S. 71 - ff.

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Groesteen (Gréiwemaacher) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Pierre Olinger, Velleda, die Drude von Machern : Erzählung aus Geschichte und Sage der Stadt Grevenmacher. www.a-z.lu (1934). Gekuckt de(n) 2021-08-14.
  2. Velleda, die Drude von Machern. Erzählung aus Geschichte und Sage der Stadt Grevenmacher.. Obermosel-Zeitung (1934). Gekuckt de(n) 2021-08-14.