Pierre Olinger (1864-1942)

Lëtzebuerger Schoulmeeschter a Schrëftsteller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Pierre Olinger (1864-1942). Fir Persoune mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Olinger.

De Pierre Olinger, gebuer de 5. Mäerz 1864[1] zu Gréiwemaacher, gestuerwen de 6. Februar 1942 zu Miersch am 78. Liewensjoer[2], war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Schoulinspekter a Schrëftsteller.

Pierre Olinger
de Pierre Olinger, fotograféiert vum Charles Bernhoeft
Gebuer 5. Mäerz 1864
Gréiwemaacher
Gestuerwen 6. Februar 1942
Miersch
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Schrëftsteller

Biographie änneren

De Pierre Olinger, deen 1882 mat der Normalschoul fäerdeg gouf[3], war Schoulmeeschter zu Bech-Maacher, zu Déifferdeng an duerno an der Oberprimärschoul zu Gréiwemaacher.[4] Vun 1901 bis 1926 war hie Schoulinspekter an de Schoulbezierker Wolz, Miersch, Lëtzebuerg, Miersch.[5]

De Pierre Olinger, deen Artikelen an der lëtzebuergescher Zäitschrëft Pädagogischer Sprechsaal an an den Dageszeitunge publizéiert huet, war den Auteur vun den zwou historeschen Erzielungen Velleda, die Drude von Machern an Graf Heinrich von Mersch[4].

Hie stoung an engem frëndschaftleche Kontakt mat dem André Duchscher a soll souguer d'Virbild fir deem säi Rekes III. geliwwert hunn.[6]

Publikatiounen änneren

  • Aufruf an die Luxemburger Lehrer und Lehrerinnen. In: Pädagogischer Sprechsaal, Jg. VII, 1889-1890, Nr. 18, S. 212.[7]
  • Der Zeichenunterricht im Dienste des Lebens. Beitrag zur Erzielung einer rationellen Unterrichtsmethode im Freihandzeichnen, speziell für unsere Oberprimärschulen. In: Pädagogischer Sprechsaal, Jg. IX, 1891-1892, Nr. 15, S. 173-179.[7]
  • Lehrplan für die Knabenoberprimärschule von Grevenmacher. S. Meyer-Schock, Grevenmacher 1892, 31 S.[7]
  • Zweckmässige Anlage und Wert eines Schulmuseums: Konferenzvortrag von P. Olinger. V. Bück, Luxemburg 1908, 14 S.[8]
  • Velleda, die Drude von Machern: Erzählung aus Geschichte und Sage der Stadt Grevenmacher. Obermosel-Zeitung, Grevenmacher 1935, 86 S.[8]

Literatur änneren

  • Anonym, 1942. Mersch: Peter Olinger †. Escher Tageblatt 1942, Nr. 38 (12. Februar): 4. [1]
  • Blum, M., 1902-1932. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, 700 S. (Olinger Pierre: S. 244).
  • Goetzinger, G. & C.D. Conter, 2010. Dictionnaire des auteurs luxembourgeois. Centre national de littérature Mersch, 697 S. (Olinger, Pierre: S. 467).
  • Molitor, M., 1931. Der luxemburgische Lehrer in seiner schriftstellerischen Betätigung von 1815-1930. Luxemburg, Fr. Bourg-Bourger, 157 S. (Olinger Peter: S. 100).
  • Welter, J., 1990. Grevenmacher im Spiegel des Kulturschaffens. Ein Überblick über 150 Jahre geistiger Entwicklung. In: Lycée Technique Joseph Bech 1969-1989. Offsett Moselle, Grevenmacher, S. 95 (Peter Olinger II: S. 95-96).

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Goetzinger & Conter 2010. — den Anonym 1942 gëtt 1864 als Gebuertsjoer un (ouni de Gebuertsdag); de Blum 1902-1934, de Molitor 1931 an de Welter 1990 schreiwen iertemlecherweis: 5. Mäerz 1863.
  2. Luxemburger Wort 1942, Nr. 38/39 (7. Februar), S, 10 (Doudesannonce).
  3. Luxemburger Wort 1907, Nr. 184 (3. Juli), S. 2 (25jähriges Lehrerjubiläum).
  4. 4,0 4,1 Anonym 1942.
  5. Tageblatt 1942, Goetzinger & Conter 2010.
  6. Welter 1990, S. 96.
  7. 7,0 7,1 7,2 Blum 1902-1932.
  8. 8,0 8,1 Bibliothèque nationale de Luxembourg: Catalogue en ligne