De Christoph Arnold, gebuer de 17. Dezember 1650 zu Sommerfeld bei Leipzig an och do gestuerwen de 15. Abrëll 1695, war en däitschen Astronom.

Christoph Arnold
Gebuer 17. Dezember 1650
Sommerfeld
Gestuerwen 15. Abrëll 1695
Sommerfeld
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom

De Christoph Arnold gouf als eelste Jong vun enger Bauerefamill gebuer. Hien hat fréi mat Astronomie-Unterrecht beim Professer Gottfried Kirch ugefaangen. Op sengem Haus hat hien e klengen Observatoire opgeriicht. Den Arnold hat de 15. August 1682 e Koméit entdeckt, wat warscheinlech de Grond fir seng spéider intensiv Fuerschungen iwwer Koméite war, woubäi hien 1686 nach eng Kéier op e Koméit opmierksam gemaach gouf. Och iwwer de Merkurduerchgank virun der Sonnescheif den 31. Oktober 1690 hat hien Observatiounen opgestallt.

Fir seng Verdéngschter krut den Arnold eng Unerkennung vun der Wëssenschaft. E Krater an der Géigend vum Äerdmoundnordpol souwéi eng Grondschoul zu Engelsdorf, an der Géigend vun senger Heemechtsuertschaft, droe säin Numm.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie