Giordano Bruno (Moundkrater)

Den Giordano Bruno ass e Stralekrater mat engem Duerchmiesser vun 22 Kilometer op der Récksäit vum Äerdmound. Hie läit knapps hannert dem visuellen Deel vun der Mounduewerfläch.

Giordano Bruno (Moundkrater)
De Moundkrater Giordano Bruno (NASA-Foto)
Eegenschaften
Breet 35,92° N
Längt 102,74° O
Duerchmiesser 22,13 km
Déift ?
Selenographesch Längt 258° bei Sonnenopgank
Genannt nom Giordano Bruno
(1548–1600)
Krut säin Numm am Joer 1961

Den Giordano Bruno ass méiglecherweis dee jéngste gréissere Moundkrater a gëtt op manner wéi 350 Millioune Joer geschat.

Observatioun vun 1178 änneren

De 25. Juni 1178 hat de Mënch a Chronist Gervasius vu Canterbury e Liicht op der Moundséchel gesinn, bei deem et sech vläicht ëm de Meteoropprall gehandelt huet, duerch deen de Krater hätt kënnen entstane sinn. Déi Hypothees steet awer am Widdersproch zu aneren Theorien iwwer Evenementer déi d'Folleg vum engem Meteoropschlag sinn.

Den 23. Juni 2009 gouf de Krater vun der Moundsond LCROSS iwwerflunn a mat verschiddene Kameraen a Spektroskopen ënnersicht.

E gouf nom Philosoph Giordano Bruno genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren