De George-Achille Van Biesbroeck, spéider George A. Van Biesbroeck, gebuer den 21. Januar 1880 zu Gent a gestuerwen den 23. Februar 1974 war en US-amerikaneschen Astronom deen an der Belsch als Georges-Achille Van Biesbroeck op d'Welt koum, a sech awer no der Emigratioun an d'USA George A. Van Biesbroeck genannt huet.

George Van Biesbroeck
Gebuer 21. Januar 1880
Gent
Gestuerwen 23. Februar 1974
Tucson
Nationalitéit USA, Belsch
Aktivitéit Astronom
Entdeckten Asteroiden: 16
(990) Yerkes 23. November 1922
(993) Moultona 12. Januar 1923
(1024) Hale 2. Dezember 1923
(1027) Aesculapia 11. November 1923
(1033) Simona 4. September 1924
(1045) Michela 19. November 1924
(1046) Edwin 1. Dezember 1924
(1079) Mimosa 14. Januar 1927
(1270) Datura 17. Dezember 1930
(1312) Vassar 27. Juli 1933
(1464) Armisticia 11. November 1939
(2253) Espinette 30. Juli 1932
(2463) Sterpin 10. Mäerz 1934
(3211) Louispharailda 10. Februar 1931
(3378) Susanvictoria 25. November 1922
(3641) Williams Bay 24. November 1922

Hien hat de periodesche Koméit 53P/Van Biesbroeck entdeckt, geneesou wéi déi netperiodesch Koméiten C/1925 W1 (Van Biesbroeck 1) an C/1935 Q1 (Van Biesbroeck 2). Doriwwer eraus hat e 16 Asteroiden entdeckt (kuckt Këscht lénks).

Am Ufank war hien Ingenieur, huet awer dee Beruff opginn an huet bei de Staff vum kinneklechen Observatoire vun Uccle gewiesselt.

1915 war den Éischte Weltkrich an Europa. De Van Biesbroeck krut eng Invitatioun, fir um Yerkes-Observatoire am Wisconsin ze fuerschen. Well hie seng Famill konnt mathuelen, ass hien dorop an d'USA ëmgesidelt. Um Observatoire huet hien dunn um Gebitt vun Duebelstären, Koméiten, Asteroiden a verännerleche Stäre geschafft. 1945 goung hien offiziell a Pensioun, wat hien a sengen Aktivitéiten awer net gehënnert huet. 1963 wiesselt hie bei de Lunar and Planetary Laboratory op Tucson a schafft do ënner dem Gerard Kuiper weider.

Éierungen änneren

De Van Biesbroeck krut 1957 d'James-Craig-Watson Medail. Ausserdeem gouf den Asteroid (1781) Van Biesbroeck an e Moundkrater Van Biesbroeck no him genannt. Dee vun him entdeckte Rouden Zwerg VB 10 (Wolf 1055 B) gëtt heiansdo och no him Van Briesbroeck Stär genannt. De George Van Biesbroeck Prize (George-Van-Biesbroeck-Präis), deen d'American Astronomical Society vergëtt, ass och no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie