Haaptmenü opmaachen

Georg Iggers

däitsch-amerikaneschen Historiker

Den Georg Gerson Iggers, gebuer de 7. Dezember 1926 zu Hamburg a gestuerwen de 26. November 2017 zu Amherst am Massachusetts[1], war en däitsch-amerikaneschen Historiker[2].

Georg Iggers
Gebuer 7. Dezember 1926
Hamburg
Gestuerwen 26. November 2017
Amherst
Doudesursaach intrazerebral Bluddung
Nationalitéit Däitschland
Educatioun University of Chicago, The New School
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Seng Fachgebidder waren d'Geschichtstheorie an d'Geschichtsschreiwung a virun allem déi däitsch Geschichtswëssenschaft, den Historismus an déi interkulturell Historiographie.

FamillÄnneren

  Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Hie weess just ganz wéineg iwwer d'Geschicht vun der Famill vu senge Grousselteren an am mannsten iwwer déi vu senger Groussmamm Lina Mela, d'Mamm vu sengem Papp. Hie seet datt d'Famill vu senger Boma wuel e sephardeschen Urspronk huet an zur Zäit vun der Juddeverfolgung am 16. Joerhonnert no Däitschland ausgewandert ass. Iwwer säi Grousspapp, de Papp vu sengem Papp, Gerson Iggersheimer, weess e méi. Hie weess datt e mat 12 Joer mat sengen Elteren 1871 aus Bad Mergentheim op Frankfurt geplënnert ass. Well d'Duerf Igersheim net wäit vun do ewech ass, ass et méiglech datt e vun do staamt. Seng Mamm, Lizzie Minden, ass mat hirer Famill 1720 vu Minden op Lüneburg geplënnert a 1770 op Altona. Mëtt 19. Joerhonnert si se dunn op Hamburg wunne gaangen. Hien huet och nach erausfonnt, datt d'Famill vu senger Boma, also d'Mamm vu senger Mamm, Sophie Minden, bis an d'18. Joerhonnert konnt zréckverfollegt ginn a sou huet en erausfonnt, datt si am Rheinland gewunnt huet. D'Famille vu sengem Papp a vu senger Mamm hate ganz verschidden Usiichten zum Thema Relioun. Säi Papp ass an enger streng orthodoxer Famill zu Frankfurt opgewuess, déi Member an der sougenannter „Austrëttsgemeng“ war. Säi Papp war vun 1900-1909 an enger Schoul fir orthodox Kanner . Senger Mamm hir Famill vun Hamburg war allerdéngs reliéis indifferent. Si hu sech nëmme seelen un d'Gesetzer vum Iesse gehalen a si just op wichtege Feierdeeg an d'Mass gaangen. Seng Tatta huet him erzielt, datt hir Kanner kee jiddeschen Unterrecht méi kriten an dofir nëmme wéineg iwwer de Juddentum wësse géifen.[3]

LiewenÄnneren

Kandheet a JugendÄnneren

A fréier Kandheet huet hien dorënner gelidden datt seng Mamm dacks Krankheete vu psychosomateschem Urspronk hat a sech an de Mëttelpunkt vun der Famill gestallt huet. Hien a seng Geschwëster goufe vun hirer Mamm dacks als ondankbar an ongehorsam Kanner duergestallt. De Georg a seng Geschwëster kruten ëmmer nees gesot datt et hinnen net gutt geet, gläichzäiteg huet seng Mamm sech awer déi ganz Zäit Zigarette kaf. D'Verhältnes mat sengem Papp war do ganz anescht. Kuerz no der Emigratioun 1938 an d'USA, si se dacks zesummen an de Park spadséiere gaange wou s'ëmmer iwwer politesch Theme geschwat hunn[4].

Hien ass den 3. Abrëll 1933 an d'“Volksschule für Knaben“ zu Hamburg-Eppendorf gaangen[5]. An der Schoul huet hien näischt vum Antisemitismus gespuert, awer ausserhalb vun der Schoul. Eng Kéier gouf e souguer vun uniforméierter Hitlerjugend mat engem Messer bedreet, allerdéngs ass awer näischt geschitt. Am Oktober 1936 ass de klengen Georg dann op eegenem Wonsch aus senger Schoul erausgeholl fir datt hien an eng jiddesch Schoul goe konnt. Mam Antisemitismus ass hien an seng Famill allerdéngs all Dag an de Kontakt komm, zum Beispill mat Schëlter, wéi dat virun der Piscine, wou drop stoung datt keng Judde méi erwënscht sinn[6]. En huet 1934-1936, an de Summervakanzen, an engem Summerlager vun orthodoxe Judde verbruecht, wou hie fir d'éischt jiddesch Kanner aus méi aarme Famillje kennegeléiert huet. Des Weideren huet an dëser Zäit de reegelméissege Besuch bei sengem Monni en déiwen Androck hannerlooss. Hien ass vun do un all Samschdes moies mat him an d'Synagog gaangen. Am Hierscht 1936 war et da souwäit, datt hien an eng Jiddesch-Orthodox Schoul gewiesselt huet[7]. Ee Joer méi spéit, koum et zu engem folgeräiche Konflikt mat sengen Elteren. Et ass sou wäit gaangen, datt säi Papp hie geschloen huet. Nëmmen e puer Méint duerno hu seng Elteren de Georg an e Weesenhaus op Esslingen geschéckt. Als éischt war et e Schock fir hie mä duerno huet e sech wéi befreit gefillt[8].

Emigratioun an d'USAÄnneren

Fir d'éischt hu seng Elteren Ufank 1936 un eng Emigratioun an d'USA geduecht. Am September 1938, kuerz ier et zur Emigratioun mat senger Famill koum, ass hien aus dem Weesenhaus erëm zréck bei d'Famill komm. De 5. Oktober krute se hire Visum an de 7. Oktober ass et da mam Zuch an Holland gaangen, vun do aus op Southampton a vun do aus weider op New York, wou se den 20. Oktober gelant sinn. Si hunn am Nordwesten vu Manhattan gewunnt, wou vill Emigranten aus Däitschland zanter 1933 gelieft hunn. Vun do un hu seng Eltere säin Numm op George Iggers geännert well den Numm Georg Iggersheimer ze däitsch gewierkt huet a si op kee Fall opfale wollten[9]. Déi Hëllefsorganisatioun, déi hinnen zur Säit stoung an den USA, huet dofir gesuergt, datt hien an eng jiddesch Schoul goe kann, well hien dat wollt. Et war en Internat zu Lakewood, New Jersey. An där Schoul waren nëmme Kanner aus räiche Familljen, ganz anescht wéi zu Esslingen. Fir d'éischt a sengem Liewen huet hien do e Schwaarze kennegeléiert, mat deem hie sech och direkt befrënnt huet. Wéinst senge Problemer mat der Englescher Sprooch, gouf hien allerdéngs ee Joer zréckgestuft.

Den 30. Januar koum et erëm zu enger Migratioun vun der Famill, si sinn op Richmond, Virginia, gezunn. Ënnerwee fir dohin hu se d'Hitlerried am Radio héieren, wou dee fir d'éischt gedreet huet an engem Krichsfall dat europäescht Juddentum physesch ze vernichten. Um Dag virun der Ofrees, gouf en nach vu senger Tatta iwwer d'Rasselag a Virginia opgekläert. Dat war e Schock fir de Georg. Hien huet sech allerdéngs voll mat der Schwaarzer Bevëlkerung identifizéiert, well si genee wéi hien, als Judd, net fräi waren an hirem Land zu deem Zäitpunkt[10]. An der Primärschoul (Highschool) zu Richmond huet en 1940 souguer eng Organisatioun gegrënnt, déi sech Union-Now-Bewegung genannt huet[11].

Studium an ErwuessenenalterÄnneren

Nodeem e säin Highschool-Ofschloss an der Täsch hat, wollt en onbedéngt op eng Universitéit goen. Och wa seng Eltere ufanks dergéint waren, huet de Georg sech duerchgesat kritt an en huet sech, mat finanzieller Hëllef vun enger jiddescher Fraenorganisatioun, op der University of Richmond ugemellt. Hie war a klenge Klassen, wat him gutt gefall huet[12]. Am Juni 1944 huet hien zu Chicago säi Bachelor of Arts gemaach. Hien huet deen net zu Richmond gemaach well hien op der University of Chicago säi „Graduate“ Studium ufänke wollt. Hien huet just 2 Joer fir de Bachelor gebraucht, an net déi gewinnt 4 Joer. Zu Chicago huet hie „Vergleichende Sprachwissenschaften“ studéiert. Mat 17 Joer war hien do bei wäitem de Jéngsten[13]. Interessant fir hie war et, datt den däitsche Politolog Arnold Bergstraesser vun Heidelberg Prof fir„Deutsche Geistesgeschichte“ war. Et ass zu souwäit gaangen, datt et eng enk Schüler-Prof Bezéiung komm ass. Ënner senger Betreiung huet en och seng Magisteraarbescht iwwer den Heinrich Heine an de Karl Marx zu Paräis geschriwwen[14]. Nodeem hie säi Magister-Ofschloss am Summer 1945 gemaach huet, huet hie beschloss op d'“Graduate Faculty for Political and Social Science" zu New York an der sougenannter 'University in Exile' an der New School for Social Research ze studéieren, wou hien och ugeholl gouf an e konnt do souguer fir näischt studéieren nodeem e sot datt en net genuch Suen hätt fir d'Studiegebühren[15]. Den nächste Schratt a senger Schoulzäit war erëm zu Chicago am Hierscht 1946 am Programm „Committee on the History of Culture“, wou hien erëm e Stipendium krut. Hien huet do seng zukünfteg Fra, d'Wilma Abeles, kennegeléiert [16]. De Georg Iggers huet sech den 23. Dezember 1948 mat hir zu Hamilton bestuet[17].

Am September 1948 schafft hien als Lektor fir d'Fach Däitsch op der University of Akron zu Ohio. Hie war mat 21 Joer bei wäitem de jéngsten an där Positioun op der Universitéit[18]. Am Summer 1948 huet hie sech du fir d'Dissertatiounsthema, mam Titel: „Die autoritärischen Züge in der Kulturkritik der Saint-Simonisten“, entscheet a säin Tuteur war de Richard Gottschalk. Am Fréijoer 1951 huet hie seng Aarbecht ofginn[19]. Duerno krut hien eng Offer fir um Philander Smith College, enger klenger, schwaarzer Universitéit zu Little Rock ze schaffen[20]. Wéi hien déi Offerte ugeholl huet, huet säi Kampf géint d'Rassegesetzer richteg ugefaangen[21]. En huet sech 1 Joer fräigeholl fir mat senger Fra, op der University of Arkansas zu Fayettville als Gaaschtdozent ze schaffen. Allerdéngs krut en duerno eng interessant Offer vun der Dillard University zu New Orleans, déi hien och ugeholl huet[22]. Do war hien awer och net laang, well hien am Summer 1960 e Stipendium vun der American Philosophical Society krut fir zu Paräis an der Bibliotèque de l'Arsenal seng Recherchen an der Enfantin-Ierfschaft ze maachen déi déi wichtegst Saint-Simonistesch Quellen enthält. Hien hat beschloss fir eleng op Paräis ze goen[23]. Als nächst huet hien déi nächst Méint domat verbruecht, Reesen duerch Europa ze maachen, ënner anerem an Däitschland bei Leit déi e kannt huet oder och bei seng Famill. 1962, gouf him op der University of Chicago eng Plaz ugebueden, déi hien och ugeholl huet. 2 Joer méi spéit, ass et dann erëm zréck op Fayettville gaangen, wou hien eng Plaz als Gaaschtprofessor ugebuede krut[24]. 1965 krut hien eng ganz attraktiv Offerte vun der University of New York at Buffalo, déi en och ugeholl huet. Hien huet do 50 % méi verdéngt, en huet awer misse 6 Stonne pro Woch Cours halen. Dat war seng lescht Statioun, well hien dunn ëmmer zu Buffalo bliwwen ass. Hie krut och 2002 den Éierendokter vun hinnen iwwerreecht[25]. Hien huet sech net nëmmen als Biergerrechtler fir d'Rechter vun de Schwaarzen an Amerika engagéiert, mä en huet sech zum Beispill och vun 1968 u fir d'Berode vun de Krichsverweigerer vum Vietnamkrich engagéiert[26]. An den nächste Joren, déi hien ënner anerem an Däitschland an an der DDR verbruecht huet, huet e vill Kontakter, ënner anerem mat DDR-Historiker (wéi Hartmut Zwahr), geknëppt. En huet déi Leit dann och, vun 1982 un, reegelméisseg op Buffalo agelueden, fir do interessant Gespréicher z'organiséieren[27]. Am Mee 1984 huet en zesumme mat senger Fra Wilma un engem Austausch vu sechs an enger hallwer Woch zu Peking deelgeholl. Och do huet en erëm vill nei Kontakter gemaach a verschiddener op Buffalo duerno agelueden[28]. An den 1980er Joren huet e sech intensiv mat der Geschichtsschreiwung an –wëssenschaft vum 19. Joerhonnert am internationale Verglach befaasst[29]. 1997 gouf en offiziell emeritéiert, allerdéngs huet en nach weider Graduate Seminaren ugebueden[30].

AuszeechnungenÄnneren

2 Wierker wou den Georg Iggers zitéiert goufÄnneren

  • Am Buch „Geschichtswissenschaft im Zeitalter der Extreme“ vum Lutz Rafael, gëtt den Georg Iggers, am éischte Kapitel „Konzepte, Probleme und Gegenstände einer Geshichte der Geschichtswissenschaft im 20. Jahrhundert“ zitéiert.
  • Och am Buch „Religiöse Hingabe oder soziale Freiheit – Die saint-simonistische Theorie und die Hegelische Sozialphilosophie“ vum Hans-Christoph Schmidt am Busch, gëtt hien zitéiert.

WierkerÄnneren

AutobiographieÄnneren

  • Georg G. Iggers/Wilma A. Iggers: Zwei Seiten der Geschichte. Lebensbericht aus unruhigen Zeiten. Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen 2002 ISBN 978-3-525-36265-5 (Verlagsinformatioun).
    Englische Ausgabe: Two lives in uncertain times. Facing the challenges of the 20th century as scholars and citizens. Berghahn, New York/Oxford 2006, ISBN 1-8454-5138-4.

MonographienÄnneren

  • The cult of authority. The political philosophy of the saint-simonians. A chapter in the intellectual history of totalitarianism. Martinus Nijhoff, The Hague 1958.
  • The German conception of history. The national tradition of historical thought from Herder to the present. Wesleyan University Press, Middletown, Connecticut 1968.
    Deutsche Ausgabe: Deutsche Geschichtswissenschaft. Eine Kritik der traditionellen Geschichtsauffassung von Herder bis zur Gegenwart. Übersetzt von Christian M. Barth. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1971.
  • New directions in European historiography. With a contribution by Norman Baker. Wesleyan University Press, Middletown, Connecticut 1975.
    Deutsche Ausgabe: Neue Geschichtswissenschaft. Vom Historismus zur historischen Sozialwissenschaft. Ein internationaler Vergleich. Mit Beiträgen von Norman Baker und Michael Frisch. Deutscher Taschenbuch-Verlag, München 1978.
  • Marxismus und Geschichtswissenschaft heute. Becker, Velten 1996, ISBN 3-89597-271-1 (Sitzungsberichte der Leibniz-Sozietät 8, 1995, Heft 8/9).
  • Geschichtswissenschaft im 20. Jahrhundert. Ein kritischer Überblick im internationalen Zusammenhang. Mit einem Nachwort. 2. Aufl., Vandenhoeck & Ruprecht, Göttingen 1996 [zuerst 1993], ISBN 3-525-33587-3.
    Englische Ausgabe: Historiography in the twentieth century. From scientific objectivity to the postmodern challenge. Wesleyan University Press, Hanover, NH [u. a.] 1997, ISBN 0-8195-5302-6.
  • A Global History of Modern Historiography, 2008, mit Q. Edward Wang und Supriya Mukherjee als Koautoren

HerausgeberschaftenÄnneren

  • The Doctrine of Saint-Simon. An exposition. First year, 1828–1829. Translated with notes and an introduction by Georg G. Iggers. Beacon Press, Boston [u. a.] 1958.
  • Georg G. Iggers/Harold T. Parker (Hrsg.): International handbook of historical studies. Contemporary research and theory. Methuen, London 1980, ISBN 0-416-73870-2.
  • Georg G. Iggers/James M. Powell (Hrsg.): Leopold von Ranke and the shaping of the historical discipline. Syracuse University Press, Syracuse, N.Y. 1990, ISBN 0-8156-2469-7.
  • Georg Iggers (Hrsg.): Ein anderer historischer Blick. Beispiele ostdeutscher Sozialgeschichte. Fischer-Taschenbuch-Verlag, Frankfurt am Main 1991, ISBN 3-596-10834-9. Englische Ausgabe: Marxist historiography in transformation. East German social history in the 1980s. Translated by Bruce Little. Berg, New York 1991, ISBN 0-85496-228-X.
  • Georg G. Iggers (Hrsg.): Die DDR-Geschichtswissenschaft als Forschungsproblem. Oldenbourg, München 1998, ISBN 3-486-64426-2 (Internationale Tagung über Geschichtswissenschaft in der DDR, Göttingen, 30. Mai bis 1. Juni 1996; Historische Zeitschrift. Beihefte. Neue Folge, 27).
  • Georg G. Iggers u. a. (Hrsg.): Hochschule –Geschichte – Stadt. Festschrift für Helmut Böhme. Wissenschaftliche Buchgesellschaft, Darmstadt 2004, ISBN 3-534-18616-8.

Festschrëfte fir den IggersÄnneren

  • Konrad H. Jarausch u. a. (Hrsg.): Geschichtswissenschaft vor 2000. Perspektiven der Historiographiegeschichte, Geschichtstheorie, Sozial- und Kulturgeschichte. Festschrift für Georg G. Iggers zum 65. Geburtstag. MRM, Hagen 1991, ISBN 3-926862-27-0 (Beiträge zur Geschichtskultur 5).
  • Gerald Diesener (Hrsg.): Historiographischer Rückspiegel. Georg G. Iggers zum 70. Geburtstag. Leipziger Universitäts-Verlag, Leipzig 1997, ISBN 3-933240-08-5 (Arbeitsberichte des Instituts für Kultur- und Universalgeschichte Leipzig 1).
  • Larry Jones (Hrsg.): Crossing Boundaries: the Exclusion and Inclusion of Minorities in Germany and the United States. Berghahn, New York 2001, ISBN 1-571812-85-7.
  • Q. Edward Wang und Franz Fillafer (Hrsg.). The Many Faces of Clio: Cross-Cultural Approaches to Historiography. Essays in Honor of Georg G. Iggers. Berghahn, New York 2007. ISBN 1-845452-70-4.

ReferenzenÄnneren

  1. Georg G. Iggers, renowned historian and civil rights activist op der Websäit vun „The Buffalo News“, gekuckt de 27. November 2017
  2. Cf. IGGERS, Wilma/IGGERS, Georg, Zwei Seiten der Geschichte. Lebensbericht aus unruhigen Zeiten. Göttingen 2002, S. 51
  3. ibid, S. 51f
  4. ibid, S. 56f
  5. ibid, S. 57
  6. ibid, S. 58f
  7. ibid, S. 60f
  8. ibid, S. 62f
  9. ibid, S. 64-66
  10. ibid, S. 67f
  11. ibid, S. 73
  12. ibid, S. 74-76
  13. ibid, S. 80f
  14. ibid, S. 81-83
  15. ibid, S. 84f
  16. ibid, S. 93
  17. ibid, S. 95
  18. ibid, S. 97
  19. ibid, S. 98
  20. ibid, S. 101
  21. ibid, S. 109
  22. ibid, S. 122
  23. ibid, S. 137
  24. ibid, S. 165
  25. ibid, S. 174
  26. ibid, S. 179
  27. ibid, S. 204
  28. ibid, S. 244
  29. ibid, S. 262
  30. 30,0 30,1 ibid, S. 285