Generalstänn zu Lëtzebuerg

Zu Lëtzebuerg sinn d'Generalstänn méi spéit entstane wéi an den Nopeschlänner.

Vum 14. Joerhonnert un hunn de Jang de Blannen a seng Nofollger d'Ritter an d'Vertrieder vun de Stied a vum Klerus zesummegeruff fir wichteg Akten ze garantéieren oder fir Hëllef oder Suen ze kréien. Den Numm États daucht awer eréischt ënner der Herrschaft vun de Burgunder op.

D'États du duché de Luxembourg, comté de Chiny hu bis 1795 funktionéiert, a goufen du vum franséische Revolutiounsregime ofgeschaaft.

Déi Staate waren opgedeelt an den Adel, de Klerus an den Drëtte Stand.

Dozou muss een awer soen datt weder de weltleche Klerus nach de Rescht vum Land, deemno d'Mass vun der Bevëlkerung vertruede waren. Den Adel sollt d'Bauere vertrieden an déi grouss Abteie sote se géifen de ganze Klerus vertrieden, wat awer ni de Fall war. De Mëssbrauch vum Sytem huet heiansdo Protestatioune provokéiert, mä de System selwer gouf ni a Fro gestallt. Eréischt 1789 nom Fall vum Ancien Régime, gouf ënner dem Impuls vun neien Iddien, d'Representativitéit vun de Stänn offe kontestéiert.

LiteraturÄnneren

  • Sprunck A., Les derniers temps de l'Ancien Régime dans le Luxembourg wallon. In: A.J.A.L. t.83 1952 ss. 237-238.
  • Trausch G., Le Luxembourg sous l'Ancien Régime, Lëtzebuerg 1977.