Gendarmeriesgebai um Verluerekascht

Gebaier vun der fréierer Gendarmerie um Verluerekascht

D'Gebaier vun der Gendarmerie um Verluerekascht begräifen eng Rëtsch vu Wunn-, administrativen an techneschen Haiser op de Parzellen tëscht der rue Auguste Lumière, der rue Marie et Pierre Curie an dem boulevard Général Patton um Verluerekascht an der Stad Lëtzebuerg.

Gendarmeriesgebai um Verluerekascht
Entrée vun de fréiere Gendarmeriesgaragen (2014)
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Verluerekascht
Koordinaten 49° 36’ 22.2’’ N
      6° 08’ 21.3’’ O
Architekt(en) Hubert Schumacher
Datum vum Bau 1952
Zweck ëffentlech Verwaltung
De "Sonneprabbeli" - eng iwwerdaacht Bensinnspompel
D'Villa Hartmann
Garagen

Historesches änneren

Schonn an der 1930er Jore koume Froen op iwwer de Manktem an d'Sécherheet vun de Gebaier vun der Gendarmerie. D'Erweiderung vun der Zuel vun de Brigaden op 100 Unitéiten an den Nokrichsjoren a well Déngschtwunnengen um Helleg-Geescht-Plateau gestrach goufen, gouf weiderhin Drock opgebaut fir datt nei Gebaier sollte gebaut ginn.

Vun 1952 u gouf du vum Staatsarchitekt Hubert Schumacher un de Pläng geschafft fir um Verluerekascht, um fréiere Gebitt vum Fort Neipperg, eng komplett nei Anlag ze bauen. Net alles wat geplangt gouf ass och gebaut ginn. Am Kader vum Bau vun dëser Anlag ass deemools och d'Verbindungsstrooss vun der rue Auguste Lumière bis an de boulevard Général Patton, d'rue Marie et Pierre Curie, ugeluecht ginn.

1978 gouf du vun der Regierung beschloss fir zwee nei Gebaier fir d'Police an d'Gendarmerie um Verluerekascht ze bauen. Et huet awer nach bis 1993 gedauert bis op deem Terrain nei Gebaier - no de Pläng vum Georges Reuter - fir verschidde Servicer vun der Gendarmerie gebaut goufen. No de Pläng vum Architektebüro Witry & Witry ass dunn 2003 op der ëstlecher Säit vun der rue Marie et Pierre Curie en neit Verwaltungsgebai fir d'Police gebaut ginn, dat bis 2012 a Betrib blouf. Duerno sinn déi eenzel Servicer erausgeplënnert an d'Gebai gouf ëmgebaut a vergréissert[1].

Gebai änneren

Laanscht d'rue Auguste Lumière goufen uganks der 50er Joren - an Zesummenaarbecht mam Architekt Constant Gillardin - véier Wunnbléck gebaut. D'Wunnhaiser ware fir Stéit mat véier bis sechs Leit geplangt; si haten zwou bis dräi Schlofkummeren, e Buedzëmmer, eng Kiche mat enger Spënnchen an eng Terrass. D'Iesszëmmer war wéinst dem Geroch an aus hygienesche Grënn vun der Kiche getrennt. Déi Pläng ginn op d'Iddi vum soziale Wunnengsbau aus den Zäite vu virum 1. Weltkrich zeréck.

Aner Wunnbléck, déi laanscht déi deemools nei rue Marie et Pierre Curie sollte gebaut ginn, goufen awer ni realiséiert.

Hannert de Wunnengen, op der Säit vum Boulevard Général Patton, sinn an engem fréiere Steebroch Garagen an Depoten opgeriicht ginn. Op enger zentraler Plaz am Haff steet eng Bensinnspompel mat engem Iwwerdaach a Form vun engem bëtongs Sonneprabbeli.

D'Gebai war fir knapps 50 Joer laang d'Häerzstéck vun der Gendarmerieskasär um Verluerekascht. Hei waren d'Garagen, d'Armurerie, de Funkatelier an d'Logistik ënnerbruecht.

No der Fusioun vu Police an der Gendarmerie am Joer 2000 war d'Gebai vum Schumacher fir d'Besoine vun der neier Police grand-ducale ze kleng an no an no gouf d'Gebai net méi fir seng ursprénglech Zwecker gebraucht. Vun 2010 un war de Policemusée vun der Asbl Le musée de la police grand-ducale – le gardien de la mémoire am Gebai installéiert. De Musée konnt awer vun 2017 u keng Leit méi eraloossen, well d'Gebai plazeweis baufälleg ass.

Nodeems verschiddentlech gemengt gouf, d'Gebaier sollten zesumme mam fréiere Staatslaboratoire ofgerappt ginn fir en Immobiliëprojet ze realiséieren, ass 2019 vun der Kulturministesch Sam Tanson an dem Minister vun der banneschter Sécherheet François Bausch als Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser gesot ginn, datt: “D'Regierung sech dem historeschen an architektonesche Wäert vun dësem Gebai bewosst ass an datt d'Ministèren enk zesummen dru schaffe wat den zukünftege Projet vum ganzen Site um Verluerekascht betrëfft. An dësem Kader ass en nationalen Schutz net ausgeschloss”[2].

Um Spaweck änneren

Commons: Gendarmerie Verlorenkost – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart an „Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt“ Säit 237, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]
  2. Question écrite n° 130  -  Sujet : Musée de la Police op der Websäit vun der Chamber, gekuckt den 3. Mäerz 2019
  3. : "Caserne de la Gendarmerie à Verlorenkost." in: Centenaire. Administration des bâtiments publics Luxembourg [sous la direction de Jean Leyder]. Luxembourg 2010, S.74-75. ISBN 978-99959-680-0-7.