Eng Kichen ass en Zëmmer an engem Gebai, an deem Iesse preparéiert a gekacht gëtt. Si kann an engem Privathaus oder an engem Restaurant sinn, oder an enger Ariichtung fir Gemeinschaftsverfleegung, z. B. eng Kantinn.

Eng modern westlech Kichen

An der westlecher Welt huet eng modern Privatkichen e Standardequipement aus enger Kachplack an/oder engem Schäffchen, engem Spullsteen mat fléissend waarmen a kale Waasser, engem Frigo a Kicheschief. Donieft gëtt et dacks nach aner elektronesch Apparater, wéi eng Mikrowell an eng Spullmaschinn.

Obwuel den Haaptzweck vun der Kichen d'Preparatioun an d'Kache vum Iessen ass, huet si och nach aner Funktiounen, zum Beispill als Plaz wou Liewensmëttel gelagert a konsumméiert ginn, wou Saache gebotzt ginn a wou sozialiséiert gëtt.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kichen – Biller, Videoen oder Audiodateien