Kierch Fëschbech (Miersch)

D'Kierch vu Fëschbech bei Miersch ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François am Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Fëschbech gehéiert.

Kierch vu Fëschbech

Uertschaft / Plaz Fëschbech
Par Miersch
Saint-François
Dekanat Dekanat Zentrum
Numm / Patréiner Hl. Georges
Koordinaten 49° 44’ 47.9’’ N
      06° 11’ 09.8’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Georges, deem säi Fest den 23. Abrëll gefeiert gëtt.

D'Kierch steet an der Kierchstrooss, net wäit vum CR125, der Rue Grande-Duchesse Charlotte. Virun der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Den 11. Februar 2022 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Zur fréierer Par Fëschbech gehéieren och nach d'Kierche vu Schous a vu Weyer.

An der Kierch steet eng Uergel vun der Uergelmanufaktur Thunus.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Kierch Fëschbech (Miersch) – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Agank vun der Fëschbecher Kierch

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).