D'Gare vu Poulseur ass eng Belsch Gare op der Infrabel-Linn 43 (Léck-Marloie) iwwer déi och vum Y vun Angleur bis op d'Nopeschgare Rivage aus d'InterRegio m-Linn leeft.

Gare Poulseur
Land Belsch
Koordinaten 50°30'32,47"N, 5°34'42,02"O


Gare vu Poulseur

D'Gare, déi zum Regionalnetz L gehéiert, ass en Zillebau aus dem Enn vum 19. Joerhonnert. De Gleisbau ass zweegleiseg an et gëtt zwéi Quaien an der Gare. An der Woch funktionéiert e Guichet.

Am normalen Trafic fiert all zwou Stonnen en Zuch. Zuchverbindunge gi mat Automotricen aus der Belscher Serie AM 66 gemaach.

Zich déi an der Gare halen änneren

Aus Richtung Lescht Halt Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Rivage   IC 106-123   Angleur Liers
Gouvy Rivage   P   Angleur Liège-Palais
Liers Esneux   L   Rivage Marloie

Um Spaweck änneren

Commons: Gare Poulseur – Biller, Videoen oder Audiodateien